Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fuddele mam Chatbot - eng Chance fir eis Schoulen

Fräie Mikro

Fuddele mam Chatbot - eng Chance fir eis Schoulen

E neie Computer-Programm kann sënnvoll Texter produzéieren an a Sekonnen d'Hausaufgaben schreiwen. Fir d'Schüler ass dat en Dram, fir d'Enseignanten eng Challenge, mee kee Grond zur Panik, seet d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

Déi éischt Schoulaarbechten si scho viru Chrëschtdag gefaked ginn. Knapps war den neien Textprogramm ChatGPT am Internet, hunn d'Schüler getest, ob et funktionéiert. A jo, et geet!

"En Dram fir déi Jonk, en Albdram fir Proffen"

Just de Sujet muss een nach antippen a Sekonnen drop kritt een e fäerdegen Text, laang oder kuerz, a verschidde Sproochen, a bal ouni Feeler. En Dram fir déi Jonk, en Albdram fir Proffen. E Referat an der Geo, eng Disser iwwer de Faust, oder eng propper Mail un d'Regente - mat dem neie Programm ass d'Aufgab gebongt, schnell, gratis, ouni Opwand.

ChatGPT ass revolutionär a wäert ganz vill Mënschen eng Erliichterunge bréngen. Keen muss méi Angscht hu virun engem wäisse Blat: D'Ried an der Chamber, de Kommentar am Radio, eng schlau Analyse viru Kolleegen. Mir ginn den Titel vir an de Computer schreift fir eis. Et muss een dono just liicht redigéieren. Nach sinn d'Sätz e bëssi monoton an d'Quellen net ëmmer korrekt, mee de Programm léiert vun selwen.

Geschwë wäerten d'Maschinnen-Texter iwwerall zirkuléieren. An de Schoulen sinn se schonn ukomm.

"D'Schüler hu schonn ëmmer gefuddelt"

De Programm ChatGPT gouf Ufank Dezember lancéiert. Elo gëtt weltwäit doriwwer diskutéiert, wéi een als Enseignant op déi nei Text-Technologie reagéiert. E Verbuet ass ausserhalb vum Klassesall éischter wierkungslos. A moralesch Appeller fir net ze fuddelen dengen net vill. D'Schüler hu schonn ëmmer gefuddelt, dat wäert sech elo net änneren.

D'Proffen hunn dowéinst schonn ëmmer versicht hier Schäffercher ze kontrolléieren, déi lescht Jore mat enger extra Software, déi no geklauten Texter aus dem Internet gesicht huet. Mee bei dem neie Programm funktionéiert dat net. ChatGPT mixt ëmmer nei Fakten a Formulatiounen, dofir ass all Text anescht an eng copy-past Kontroll net méiglech.

Zur Zäit gëtt et nach kee performanten Antidote. Kee ka beweisen, ob den Auteur vum Text eng Maschinn ass oder e Mënsch.

Kënschtlech Intelligenz muss verstoen a beherrscht ginn

Et gëtt elo kritesch, wann Enseignanten als Hausaufgab just e Resultat fuerderen, an d'Schüler hinnen net och de Wee dohinner musse weisen. Demarchen vun der Aarbecht musse méi Deel vun der Aufgab ginn, soss kritt am Enn de Programm déi gutt Punkten.

E puer Leit wäerten dowéinst elo hire Course missen entstëbsen. Och si mussen op nei Methode setzen, fir datt net all hier Schüler bei der Hausaufgab fuddelen.

Eis Kanner musse leieren, kritesch ze denken, komplex Problemer ze léisen an zesummen un neien Iddien ze schaffen. Alles Kompetenzen, déi den ChatGPT eben net huet. A si mussen an der Schoul fit gemaach ginn, fir déi kënschtlech Intelligenz ze verstoen an ze beherrschen.

Vill Enseignanten trainéieren dat schonn an hirer Klass, déi eng méi, déi aner manner konsequent. Den ChatGPT kéint elo e Booster ginn fir eis Schoulentwécklung. Elo misst et wierklech fir all Mënsch offensichtlech sinn, datt den Unterrecht muss moderniséiert ginn. An zwar séier.


Wann een iwwerdeems ChatGPT selwer freet, wat seng Notzung a Schoulen ugeet, dann kritt een déiheiten Äntfert:

ChatGPT kann in Schulen genutzt werden, um Schülerinnen und Schüler bei Textaufgaben zu unterstützen. Es kann als Übungsinstrument zur Verbesserung der Schreibfähigkeiten genutzt werden. Andererseits ist es wichtig zu beachten, dass es in Schulen nicht erlaubt ist, ChatGPT-Texte als eigene Leistungen auszugeben.

Eine Herausforderung bei der Nutzung von ChatGPT an Schulen ist, dass es Schülerinnen und Schülern zu einfach gemacht wird, gefälschte Texte zu erstellen. Lehrer müssen sicherstellen, dass Schülerinnen und Schüler lernen, ihre eigenen Ideen und Texte zu formulieren. Außerdem müssen sie darauf achten, dass Schülerinnen und Schüler nicht auf ungenaue oder unzutreffende Informationen aus dem Internet zurückgreifen.

Eine weitere Herausforderung besteht darin, dass ChatGPT-Texte noch nicht perfekt sind und möglicherweise Fehler enthalten. Lehrer müssen Schülerinnen und Schüler dazu anleiten, ChatGPT-Texte zu überprüfen und zu verbessern, anstatt sie als die einzige Lösung zu akzeptieren.

Zusammenfassend sollte ChatGPT in Schulen als Unterstützung, nicht als Ersatz für eigene Leistungen genutzt werden. Lehrer müssen sicherstellen, dass Schülerinnen und Schüler lernen, eigene Ideen und Texte zu formulieren und auf korrekte Informationen zurückzugreifen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.