arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u geplangte Chomâge-Indemnitéite fir Frontalieren

Frontaliersorganisatioun

|
reading time

3 min

Kritik u geplangte Chomâge-Indemnitéite fir Frontalieren

Pläng vun der EU-Kommissioun gesi fir, datt an Zukunft dat Land soll opkommen, an deem de Chômeur fir d'lescht geschafft huet opkommen. Bis elo wor d'Residenzland derfir zoustänneg. Déi Reegelung dierft net duerchkommen, seet de Philippe Manenti, President vum "Comité de défense et d'initiatives des frontaliers au Luxembourg".

reading time

3 min

De Philippe Manenti huet déi geplangten nei europäesch Regelung, iwwer d'Chomage-Indemnitéite fir Frontalieren kritiséiert. An Zukunft soll dat Land, an deem de Chômeur fir d'lescht geschafft huet, dofir opkommen. Bis elo war d'Residenzland dofir zoustänneg. Déi Reegelung dierft net duerchkommen, d'Frontaliere géifen doduerch verléieren, seet de President vun der franséischer Frontaliersassociatioun.

Aktuell ass Frankräich fir de Frontalier responsabel. Hien huet also déi selwecht Rechter, wéi e franséische Resident. Wann de franséische Resident zum Beispill Recht op een oder zwee Joer Chômage huet, da gëllt dat dee Moment och fir de Frontalier. Mat der Regelung vun der EU-Kommissioun wier dat net méi de Fäll.

Ënnerscheeder tëscht Lëtzebuerg a Frankräich

Wann de Frontalier zum Beispill zu Lëtzebuerg nëmmen d'Recht op ee Joer Chômage huet, a Frankräich dës Rechter net wëllt iwwerhuelen, dann huet de Frontalier schlussendlech en Urecht op ee Joer an net méi.

Dat wier katastrophal, virun allem fir eeler Salariéeën, seet den Philippe Manenti. "Wann eng Persoun mat 59 Joer entlooss gëtt, an net déi néideg Jore geschafft huet, fir en Urecht op d'Pensioun ze hunn, op wat huet déi Persoun dee Moment een Urecht?", freet hien. "Dat si Sujeten, déi musse virun der Reform diskutéiert ginn an net dono."

D'EU-Parlament muss nach gréng Luucht ginn zur europäescher Reform vun de Chômage-Indemnitéiten. De Lëtzebuerger Aarbechtsminister Nicolas Schmit wëllt zesumme mat anere Länner versichen dat Reglement ze verhënneren.

Zu Lëtzebuerg géif et nationalistesch Gefiller a gewësse Viruerteeler géint d'Frontalieren, mee déi wiere minoritär, an et hätt se ëmmer scho ginn, seet de Philippe Manenti.

Lëtzebuerger Aarbechtsmarché weider interessant

Verschidde Frontalieren aus Frankräich wiere bis zu véier Stonnen den Dag ënnerwee fir den Aller-Retour op Lëtzebuerg ze maachen. D'Problemer wéinst dem Transport an de Staue wieren eng Zäitbomm, seet de Phlippe Manenti. Vill Frontalieren wiere gestresst an hätte Burnout-Problemer.

Fir d'Frontalieren aus der Grenzregioun bleift de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart awer attraktiv, trotz den ëmmer méi grousse Problemer mam Stau op de Stroossen an iwwerfëllten Zich a Busser, sou de Philippe Manenti. Et misste séier Léisunge fonnt ginn, fir de Frontalieren hire Wee op d'Aarbecht zu Lëtzebuerg méi kuerz a manner stresseg ze maachen.

Datt de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart fir Frontalieren nach ëmmer attraktiv bleift, géif net just un den héije Salaire leien. D'Salairë wieren natierlech ee Grond, awer net deen eenzegen. Et géif Grenzregioune ginn, déi doduerch Schued hätten, seet de Philippe Manenti.

Et wier awer heiansdo schwéier, fir Aarbecht a Frankräich ze fannen. "Lëtzebuerg ass immens no, Franséisch ass eng vun de Alldagssproochen. D'Adaptatioun geschitt also ganz séier. Natierlech sinn d'Salairen net onwichteg, mee et gëtt och d'Necessitéit eng Aarbecht ze fannen an eben déi relativ einfach Integratioun iwwer d'Sprooch."