Aarbecht verluer Frontalieren am Chômage: aner Länner, aner Rechter
Wann ee Frontalier hei am Land seng Aarbecht verléiert, da muss hie Chômage bei sech doheem ufroen. Dat suergt fir vill Diskussiounen. Op europäeschem Niveau gëtt scho laang versicht, déi eenzel Sozialsystemer ze harmoniséieren. Eent vun de Länner, dat sech an deem Kontext schwéier deet, ass Lëtzebuerg, notamment wéinst dem Chômage. Et kéint een aus verschidde Grënn net op de Wee vun enger totaler Harmonisatioun goen, heescht et vu Regierungssäit. Den Aarbechtsminister Dan Kersch verteidegt dës Approche, Kritik gëtt et vu Gewerkschaften.
De Liewenslaf aktualiséieren, Motivatiounsbréiwer tippen: den Didier Hiégel, Mëtt 50 a Journalist, sicht zanter e puer Wochen eng nei Aarbecht. Hie wunnt a Frankräich, mee huet bal seng ganz Karriär hei am Land geschafft a wëllt och elo erëm hei eppes ze fannen.
"Je connais fort bien le tissu socio-économique du pays. J'y ai aussi de nombreuses attaches, que ce soit professionnelles ou amicales. Et c'est pour ça que je ne vais pas me tourner dans un premier temps vers la France, puisque c'est le Grand-Duché que je connais le mieux."
Finanziell Ënnerstëtzung aus dem eegene Land
Den Didier huet sechs Méint Kënnegungsfrist an huet dowéinst nach keng Chômage-Indemnitéiten ugefrot. Aner betraffe Frontaliere brauchen eng séier finanziell Ënnerstëtzung. An déi bezéie si dann an hirem Land an net zu Lëtzebuerg. D'Destinatioun heescht dann also, jee no Land, Agentur für Arbeit, ONEM oder Pôle emploi.
Déi EU-finanzéiert Associatioun Frontaliers Grand Est beréit Fransousen, déi zu Lëtzebuerg hir Aarbecht verluer hunn. De Jurist Julien Dauer erkläert, op wat fir administrativ Demarchen de Betraffene sech muss astellen.
"Il doit finalement réimporter les droits qu'il a acquis au Luxembourg vers la France notamment en termes de cotisation et de salaire, et pour cela le salarié reçoit à la fin de son contrat de la part de son employeur un certificat qui reprend les quatre derniers mois de salaire. Le frontalier va transmettre cette attestation à l'ADEM, qui va lui fournir un formulaire européen U1 à transmettre à Pôle emploi qui permettra justement à l'administration de l'emploi française d'indemniser le frontalier aux taux français, mais en tenant compte du salaire perçu au Luxembourg."
Zu Lëtzebuerg huet ee Chômeur, dee Resident ass, Recht op ronn 80 Prozent vu sengem fréiere Salaire, a Frankräich sinn et ronn 57 Prozent. Mee déi Tauxe si staark ze nuancéieren, seet de Julien Dauer.
"Sur le montant brut, il y a une différence assez importante entre la France et le Luxembourg, mais il ne faut pas oublier qu'en termes de durée d'indemnisation en France elle est de deux ans, alors qu'au Luxembourg elle dépend de l'âge du travailleur et qu'elle est en principe de douze mois."
Europäesch Sozialsystemer harmoniséieren
D'Gewerkschafte gesinn awer bei deem Theema ee Problem fir d'Frontalieren, deen de Christophe Knebeler vum LCGB esou zesummefaasst:
"Déi Leit bezuelen hei hir Steieren an hir sozial Laaschten. Zu de Steiere gehéiert jo och den Impôt de solidarité, dee jo de Fonds pour l'emploi speist an et ass de Fonds pour l'emploi, deen do ass fir deen ze finanzéieren. Dat heescht, déi Leit bezuelen do an, kréien awer eigentlech wéineg Prestatiounen do eraus, well si jo net bei eis iwwer de Chômage ginn."
Op europäeschem Niveau gëtt zanter Joren iwwer ee Reglement verhandelt, dat d'Systemer vun der Sécurité sociale soll harmoniséieren. Grad de Chômage ass dobäi ee schwieregen Dossier. De Grand-Duché rembourséiert den Ament fir all Frontalier am Chômage dräi Méint Prestatiounen un deem säi Land zeréck.
Rieds geet hei vum Export vu Prestatiounen. Käschtepunkt fir d'Lëtzebuerger Staatskeesen: ronn 30 Milliounen d'Joer. Den Aarbechtsminister Dan Kersch vun der LSAP erkläert, datt hei eng Limitt, a sengen Aen, wichteg ass. Et sollt ee fir d'éischt kucken, d'Leit erëm op den Aarbechtsmarché ze kréien. D'Zil sollt net sinn, "de Leit wärend enger längerer Zäit onkontrolléiert Chômagegelder zoukommen ze loossen."
"Et geet ëm gläich Rechter"
Eppes méi wéi 200.000 Frontaliere schaffen hei am Land, dat si ronn d'Hallschent vun alle Beschäftegten. Dat wier am europäesche Verglach eng speziell Situatioun, seet den Dan Kersch. Hie seet och: Lëtzebuerg wier am Prinzip bereet vun dräi op sechs Méint Remboursement vu Prestatiounen eropzegoen. Mee méi net.
Et géif hei net ëm de Käschtepunkt goen, mee ëm gläich Rechter. Net Frontaliere géife riskéiere manner Rechter ze hu wéi d'Residenten, mee ëmgedréit.
"Mir wëlle virun allem och net, datt mir fir déi Leit do extra Rechter schafen, déi déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, net hunn. Dat wär awer dann de Fall, well een deen hei zu Lëtzebuerg Chômage kritt, deen huet natierlech eng Rei vun Obligatiounen, hie kritt déi Chômagegelder jo net einfach esou. E muss sech verflichten, déi Aarbechten unzehuelen, déi hie proposéiert kritt, e muss sech verflichten, déi Formatiounen unzehuelen, déi en ugebuede kritt vun der ADEM, e muss sech verflichten reegelméisseg virstelleg ze ginn."
Wéi kann een e fairen Ausgläich schafen?
Eleng Frankräich kascht d'Prise en charge vu Frontalieren, déi hir Aarbecht hei am Land verléieren, all Joer, Estimatiounen no, ronn 500 Milliounen Euro. Woubäi d'Fransousen, déi an der Schwäiz schaffen, hei déi gréisste Grupp vu Concernéierten duerstellen, viru Lëtzebuerg.
D'Associatioun Frontaliers Grand Est mengt, datt et eng Pist kéint sinn, de Chômeuren de Choix ze loossen, ob si een Encadrement hei oder an hirem Land wëllen.
"Si je suis une personne qui a un fort retour à l'employabilité au Luxembourg, bénéficier d'une prise en charge luxembourgeoise à 80 pourcents pendant un an, ça peut m'être bénéfique. Si je suis une personne qui a des difficultés à retrouver de l'emploi, qui est proche de l'âge de la retraite, la durée d'indemisation côté français peut être plus avantageuse a fin d'éviter une perte de droits. Donc laisser le choix aux fronatliers peut être une solution."
Allerdéngs, esou de Julien Dauer, missten dann déi eenzel Verwaltunge grenziwwergräifend méi enk zesummeschaffe wéi bis elo.