Radioen

On air

Notturno  |  Aretha Franklin - Try A Little Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréikandlech Betreiung huet positiven Afloss op d'Schoulleeschtung

Etüd vum LUCET

Fréikandlech Betreiung huet positiven Afloss op d'Schoulleeschtung

Onofhängeg vum sozio-ekonomeschen Hannergrond an de Sproochkenntnisser hate Kanner am 1. Schouljoer besser schoulesch Leeschtunge wa se virun der Aschoulung souwuel an d'Crèche wéi och an de Precoce gaange sinn. Dat ass d'Haaptconclusioun vun enger Etüd zur fréikandlecher Betreiung vum Luxembourg Centre for Educational Testing, kuerz LUCET.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Resultater vun iwwer 45.000 Epreuves Standardisées aus de Joren 2015 bis 2022 vum Cycle 2.1 goufen ënnersicht, souwéi de Kanner hir fréikandlech Betreiung, de sozio-ekonomeschen Hannergrond an d'Sprooch, déi doheem geschwat gëtt. Dat erkläert d'Dr. Caroline Hornung, déi d'Etüd koordinéiert huet.

"Fir all d'Kanner, onofhängeg wou se hier kommen, wéi eng Sprooche se schwätzen, datt effektiv d'Kombinatioun Crèche a Precoce et erméiglecht, déi beschte Leeschtunge schoulesch ze erzielen am Ufank vum Cycle 2."

Dat heescht souwuel am Lëtzebuergeschen Héierverstoen, wéi och an de Virleefer-Fäegkeete vun der Schrëftsprooch, wéi och an der Mathé, preziséiert d'Carole Hornung.

Iwwer d'Hallschent vun de Kanner, déi an der Etüd matgemaach hunn, si souwuel an de Precoce, wéi och an d'Crèche gaangen. Dräi Véierel dovunner tëschent 10 a 40 Stonnen d'Woch.

Lëtzebuergesch als Bréckefunktioun?

Datt de sozio-ekonomeschen Hannergrond a Sproochkenntnis an deem Fall keng Roll spille wier eng gutt Viraussetzung fir d'Chancëgläichheet, esou d'Caroline Hornung weider. Anescht gesäit dat awer an der Alphabetiséierung aus, déi den Ament nach haaptsächlech op Däitsch wier.

"Mir gesinn, datt Kanner déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, méi schwaach ofschneiden am Däitschtest. Och am Lëtzebuergeschen Test, mee den Ënnerscheed an de Schoulleeschtungen am däitschen Héierverstoe sinn nach eng Kéier méi prononcéiert bei deene Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen."

Dofir kéint een net dovun ausgoen, datt fir all Kand Lëtzebuergesch eng Bréckefunktioun huet, fir duerno Däitsch ze léieren, seet d'Caroline Hornung.

Dofir begréisst de LUCET och de Pilotprojet vun enger Alphabetiséierung op Franséisch, esou nach d'Caroline Hornung.