Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ghostly Kisses - On and Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréieren Agent "eréischt no der Affaire vun 2013" ADR-Member

Geheimdéngscht

Fréieren Agent "eréischt no der Affaire vun 2013" ADR-Member

De fréiere SREL-Agent André Kemmer ass eréischt no der Geheimdéngschtaffär vun 2013 Member vun der ADR ginn. Dat seet de Gast Gibéryen op Nofro hin. Den ADR-Deputéierten nuancéiert am 100,7-Interview och dat, wat hien eis gëschter Mëttwoch nach iwwer eng méiglech Kandidatur vum André Kemmer bei de Gemengewahle sot.

auto_stories

2 min

"Et ass ni gesot ginn, datt den André Kemmer géif zu Schëffleng op enger ADR-Lëscht kandidéieren an et ass och net esou, datt den André Kemmer déi Lëscht opstellt", seet de Gast Gibéryen haut. Gëschter Mëttwoch hat hien eis gesot, den André Kemmer géif iwwerleeën, fir eng Schëfflenger ADR-Lëscht opzestellen an hie géif dat als ADR-Deputéierten ënnerstëtzen.

De Gast Gibéryen wëll iwwerdeems keng weider Detailer nennen iwwer d'Informatiounen, déi hie vun enger net bekannter Source iwwer eng illegal Ecoute am SREL krut. Hie géif muer Freideg an déi parlamentaresch Geheimdéngschtkontrollkommissioun goen, "fir ze kucken, wat d'Kollege vun him wësse wëllen".

ADR-Deputéierte wousst scho fréi Bescheed

De Gast Gibéryen ass vun der Kontrollkommissioun invitéiert ginn, well den ADR-Deputéierte virun zwou Wochen zouginn huet, schonn zënter Enn Februar/Ufank Mäerz ze wëssen, datt et am SREL eng illegal Ecoute gouf. Hien hat déi Informatioun also ier d'Geheimdéngschtkontrollkommissioun se krut. Hien hätt sech net gezwonge gefillt, fir d'Informatiounen un de Parquet weiderzeginn, sou den Deputéierten. Hien hätt nämlech keng Beweiser gehat.

De Gast Gibéryen am Gespréich mam Jean-Claude Franck:

Interview Gast Gibéryenplay_arrow