Dat wier de "Christine-Schweich-Syndrom." Esou d'Reaktioun vum Parteipresident Fred Keup op dës Aussoen.
"D'Christine Schweich zu Monnerech, wat och ausgetrueden ass aus der LSAP, well et net mat op d'Chamberwallëscht geholl gëtt. An hei hu mir ee bëssen dat selwecht. Ech mengen et si Leit, déi sinn enttäuscht. Mir probéiere gutt Lëschten opzestellen. An da sinn ebe Leit, déi net kënne mat drop kommen. A wa se dann enttäuscht sinn, hutt der ëmmer e puer Leit, déi onzefridde sinn. An dat ass och hei de Fall. Domadder mussen d'Parteie liewen."
Ënnert anerem de Marcel Bernardy, dee bis elo Vize-President vun der ADR am Norden war, sot eis, hien hätt seng Parteikaart ofginn. Hie geheit dem Bezierkspresident Michel Lemaire an dem ADR-Norddeputéierten Jeff Engelen vir, si hätten sech net un déi parteiintern Reegelen gehalen fir d'Kandidatelëschten ofzeseenen.
Virwërf si "Quatsch"
Dem Fred Keup no wier d'Duerstellung falsch, datt hien als Parteipresident plus déi Hären Engelen, Lemaire a Kartheiser d'ADR-Nordlëscht opgestallt hätten, an domat géint d'Partei-Statute verstouss hätten. D'Lëscht wier esou opgestallt ginn, wéi et an de Statute virgesinn ass, esou den ADR-President. Wéi dës Prozedur ausgesäit, konnt de Fred Keup am 100,7-Interview awer net soen.
D'Ausso, datt d'Lëscht just vu véier Leit zesummegestallt gi wier, beschreift de Fred Keup als "Quatsch."
Déi ganz Reaktioun vum Fred Keup fannt Dir hei ënnendrënner.