Radioen

On air

De Moien  |  Warpaint - New Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup: ADR-interne Sträit iwwer d'Migratioun "ass eriwwer"

Lëtzebuerger Politik

Fred Keup: ADR-interne Sträit iwwer d'Migratioun "ass eriwwer"

D'ADR wëllt sech am Oktober am Detail zur Migratiounspolitik positionéieren, seet den zukünftegen ADR-Deputéierte Fred Keup. D'Partei wäert hir Memberen um nächste Kongress am Oktober iwwer ee Positiounspabeier zum Theema Migratioun ofstëmme loossen, esou de Fred Keup. Dës nei Positioun géif "an déi selwecht Richtung" goen, wéi dat wat d'ADR bis elo gefuerdert huet.

auto_stories

2 min

De Fred Keup réckelt fir de Gast Gibéryen an der Chamber no

Am Dezember d'lescht Joer hat en ëmstriddene Facebook-Post vun der Presidentin vun der ADR-Fraesektioun e parteiinterne Sträit iwwer d'Migratiounspolitik ausgeléist. Déi Differenze wiere mëttlerweil awer bäigeluecht, esou de Fred Keup.

"Nee, et kann een net alles esou schwaarz a wäiss opdeelen. Ech mengen et ass einfach e bëssen diskutéiert an argumentéiert ginn. An et ass gekuckt ginn, wat ee vläicht allgemeng am Ëmgang mat de Medie ka verbesseren. Dat ass elo keng Diskussioun gewiescht mat klore Fronten, wou openee geschoss ginn ass. Dat war net de Fall."

An Zukunft net méi Spriecher vun "Wee 2050"

De Fred Keup wëllt an Zukunft net méi als Haaptspriecher vun der Beweegung Wee2050/Nee2015 optrieden. Och als ADR-Deputéierten géif hien awer Member vum Wee2050 bleiwen, esou de Fred Keup. ADR-Politiker wiere fräi fir sech nieft der Partei an anere Veräiner ze engagéieren.

"Ech géif soen, datt ech déi Leit jo kennen a mech weider mat deene Leit treffen. Dat heescht, ech soen net Äddi a Merci an da ginn ech. Ech bleiwen deene Wuerzelen awer trei."

D'Beweegung, déi hie matgegrënnt huet, géif weider bestoe bleiwen.

Sprooch Educatioun a Wuesstum sinn d'Haapttheeme vum Fred Keup

Hie wier sech bewosst, datt een als Deputéierten net nëmmen een Theema an der Chamber kéint vertrieden.

"Ech si jo och soss ganz breet gefächert. Ech war jo Proff 17 Joer. Ech si Geograf, ech hunn Interessen an allen Domänen an ech freeë mech och fir do aner Sujeten opzegräifen an net nëmmen déi Saachen, fir déi d'Leit mech elo kennen."