Deiere Wäin, Minibargedrénks a Restaurantsvisitten op Staatskäschten, donieft d'Partnerin, déi mat op offiziell Visitt goung an esou verschidde geschäftlech Virdeeler hätt kënnen hunn, dat waren d'Virwërf am Artikel.
Käschte wéinst Vir- an Nogespréicher si méiglech
De Franz Fayot präziséiert virop, datt de Ministère déi eenzel Ofrechnungen ob Demande vun der Journalistin verëffentlecht huet. Et handelt sech also net ëm ee Leak. An zwee Fäll wieren tatsächlech Ofrechnunge falsch agereecht ginn, dofir géif hie sech entschëllegen an d'Zommen zréck bezuelen.
Et kéint duerchaus punktuell virkommen, datt de Minister Membere vun aneren Delegatioune fir Vir- oder Nogespréicher invitéiert. Dat am Kader vun offizielle Visitten. Do kann et dann och vir kommen, datt de Minister senge Gäscht ee Gedrénks bezilt. Meeschtens géif dat privat geschéien, heiansdo och op Staatskäschten.
Méiglech geschäftlech Virdeeler bleiwen onkommentéiert
Bei engem Iessen am Restaurant Jardins de Russie zu Roum hätt et sech ëm een Nobespriechungsiesse mat de Vetrieder vun der Lëtzebuerger Ambassade gehandelt, sou de Minister. Dobäi wiere fir siwe Leit eng Fläsche wäisse Wäin zu 60 Euro an zwou Fläsche roude Wäin zu 150 Euro d'Fläsch gedronk ginn. Wann de Minister d'Käschte fir een Delegatiounsiessen iwwerhëlt, missten d'Beamten dat op hire Fraisenofrechnung notéieren, sou de Franz Fayot.
Wat d'Presenz vum Minister senger Verloobten op deene Reesen ugeet, sou wieren d'Käschten hei strikt getrennt ginn. Onkommentéiert léisst de Minister d'Virwërf wat d'Ofrechnung vun enger Minibar-Consommatioun a geschäftleche Virdeeler duerch d'Reese mat enger Delegatioun betrëfft.
Am Staatsministère et heescht op Nofro zu dëser Affär hin, datt d'Regierung sech an engem vun den nächste Regierungsréit géif mat de Prozedure vun den Depense vu Minister ausenanersetzen. Den nächste Regierungsrot ass dëse Freideg.