Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dolly Parton - Jolene

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franz Fayot: En décke Problem am Immobiliësecteur

Immobilien

Franz Fayot: En décke Problem am Immobiliësecteur

Déi Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit confirméiert an hirer Enquête iwwert de Wunnengsmaart, datt d'Promoteuren an d'Immobilienagencë wesentlech zur Präisexplosioun am Logement bäi gedroen hunn. Dat ass d'Reaktioun vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, dee fir d'Konkurrenzpolitik zoustänneg ass. Mat de Resultater vun der Enquête wëll den LSAP-Politiker de Regierungsrot befaassen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Konkurrenzautoritéit huet hire Rapport iwwert déi sektoriell Enquête vun de Wunn-Immobilien verëffentlecht. D'Autoritéit schléisst net aus, datt de Mangel u Main d'Oeuvre am Bau-Secteur op eng Concertatioun tëschent den Employeure kéint zréck ze féiere sinn.

De Minister Franz Fayot erkläert datt dat kéint heeschen datt bewosst Aarbechtskräfte géifen niddreg gehale ginn, fir och manner ze produzéieren. Dat géif da rëm dozou féieren, datt d'Präisser weiderhin héich bleiwen.

Eng héich Konzentratioun vu Bauland bei puer privaten Acteuren

Donieft stellt d'Konkurrenzautoritéit fest, datt am Secteur vun der Immobiliëpromotioun immens héich Beneficer gemaach goufen. Elleng 2020 wieren op engem Chiffre d'affaires vun 2,5 Milliarden Euro, 500 Milliounen Euro Brutto-Profit gemaach ginn, seet dozou de Wirtschaftsminister.

Als Grënn dofir nennt d'Konkurrenzautoritéit ënner anerem déi héich Konzentratioun vu Bauland bei e puer privaten Acteuren.

Präisofsprooche kënnen net ausgeschloss ginn

Dacks géif et och zu ofgeschwaten Aktioune kommen.

"Kooperatiounsaccorden tëschent Promoteuren, déi duerchaus och kënnen zu Präisofsproochen an zu problemateschen Entente féieren, déi dann d'Immobilien nach eng Kéier méi rar maachen op deem Marché."

Den neie Rapport vun der Konkurrenzautoritéit géif generell weisen, datt et een "décke Problem" am Immobiliësecteur gëtt, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Hien hält fest datt een op allen Niveauen alles misst maache fir de Wunnengsproblem ze léisen.