Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Shannon Lay - Mirrors

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Justiz confirméiert: Frank Schneider op der Flucht

Affär OneCoin

Franséisch Justiz confirméiert: Frank Schneider op der Flucht

De Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider ass kuerz viru senger Ausliwwerung un d'USA ënnergetaucht a gëtt elo vun der franséischer Justiz gesicht. Dat huet de Parquet vun Nanzeg eis confirméiert.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Et géif e Mandat d'arrêt géint de Frank Schneider gi well e sech senger Surveillance électronique entzunn hätt, esou d'Generalsekretariat vum Nanzeger Parquet Général. De Blog Guykaiser.lu hat viru Kuerzem vun enger Rumeur an déi Richtung geschriwwen.

Frank Schneider hat eng Foussfessel un

Am Kader vun der ONECOIN-Bedruchsaffär war de Frank Schneider viru gutt zwee Joer a Frankräich op Demande vun der US-Justiz festgeholl ginn. Hie war zum Schluss mat enger Foussfessel a senger Wunneng a Frankräich am Hausarrest an huet sech géint seng Ausliwwerung gewiert. Ouni Erfolleg. De Parquet vun Nanzeg huet eis confirméiert, datt d'Ausliwwerung viru Kuerzem vun der franséischer Regierungscheffin Elisabeth Borne ënnerschriwwe gouf.

Virwërf an den USA an zu Lëtzebuerg

De Frank Schneider kritt vun der US-Justiz Blanchiment a Fraude virgeworf. Zu Lëtzebuerg waart op de Frank Schneider och nach den Appellsprozess an der Srel-Affä. Hien an déi zwee aner fréier Lëtzebuerger Geheimdéngschtmataarbechter André Kemmer a Marco Mille waren an éischter Instanz fräigesprach gi wéinst dem Virworf vun enger illegaler Ecoute op de Geschäftsmann Loris Mariotto.

"Natierlech all Interêt net un dat geckegt Land ausgeliwwert ze ginn"

Eng Verurteelung an den USA wier wéi eng "Doudesstrof", sot de Concernéierte virun engem Joer an engem exklusiven 100,7-Interview a sengem Haus zu Joudreville. Et wier jo normal, datt hie sech géif wënschen zu Lëtzebuerg an net an den USA de Prozess gemaach ze kréien. Hien huet argumentéiert, datt hien deen Ament 53 Joer al war an an den USA bis zu 40 Joer Prisong riskéiere géif.

"Ob ee mech lo gär huet, ob iergend een elo denkt datt ass deem Schneider gutt op der Panz well ech deen eng Kéier getrëppelt hunn um Parquet, dat ka jo nei net spillen!", esou de Frank Schneider (Ndlr: De Frank Schneider war an de Joren 2004-2009 am Lëtzebuerger Geheimdéngscht a verschidden Dysfonctionnementer involvéiert, déi 2012 ëffentlech goufen a finalement zu Neiwalen zu Lëtzebuerg gefouert hunn).

D'Lydie Lorang, eng vun den Affekotinne vum Frank Schneider, ass zënter gëscht net z'erreeche fir eng Stellungnam. De Pol Urbany, weideren Affekot vum Frank Schneider, sot eis, hie wéisst net, wou d'Affär Frank Schneider dru wier. D'Famill vum Lëtzebuerger sot eis gëscht, de Frank Schneider wier net z'erreechen an et kéint een him och kee Message hannerloossen.

An der OneCoin-Affär ass de Frank Schneider net den Eenzegen, deen op der Flucht ass: Och d'OneCoin-Grënnerin Ruja Ignatova, mat där de Frank Schneider enk zesumme geschafft huet, ass zanter Oktober 2017 verschwonnen. Si huet et op d'Lëscht gepackt vun den 10 Persounen, déi am Meeschte vum FBI gesicht ginn.


Aktualiséierung (09.06.23 um 17:15 Auer): De Frank Schneider gëtt schonn zënter dem 16. Mee vun de franséischen Autoritéite gesicht, wéi de Parquet vun Nanzeg haut op eis Nofro hi präziséiert. De Lëtzebuerger ass also schonn zanter bal véier Wochen ënnergetaucht fir viru senger geplangter Ausliwwerung un d'USA ze flüchten. Déi franséisch Regierungscheffin Elisabeth Borne hat d'Ausliwwerung de 15. Februar ënnerschriwwen, esou déi franséisch Justiz.