Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Grouss Demonstratiounen géint Rentereform

Ëmstridde Reform

Frankräich: Grouss Demonstratiounen géint Rentereform

A Frankräich gëtt haut massiv géint déi ëmstridde Rentereform manifestéiert a gestreikt. Besonnesch den ëffentlechen Transport an den Enseignement si staark betraff. De Streik soll awer just den Ufank vun der Mobilisatioun sinn, sollt d'Regierung un hire Pläng festhalen.

auto_stories

2 min

Vill TGVe wäerten haut ausfalen. Foto: picture alliance / Marijan Murat/dpa | Marijan Murat (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Zanter Wochen hunn déi franséisch Gewerkschaften eng grouss Mobilisatiounswell en vue gestallt, sollt d'Regierung plangen den Rentenalter op 64 Joer ze erhéijen.

Iwwer 200 Demonstratiounen am ganze Land

No der Ukënnegung vun der Premierministesch lescht Woch, ass et haut dann den éischte grousse Streik géint d'Reform. Besonnesch den ëffentlechen Transport an de Fernverkéier si staark betraff, deelweis fiert just all zéngten Zuch oder all fënneften TGV.

Um Paräisser Flughafen Orly huet ee vu fënnef Flich missen annuléiert ginn. Och am Enseignement streiken ënner anerem schätzungsweis 70 Prozent vum Léierpersonal an de Primärschoulen. Doniewent sinn d'Fonction publique, de Gas, Pëtrol an Elektricitéitssecteur wéi och d'Police an de Gesondheetssecteur betraff. Der Gewerkschaft CGT no ginn et iwwerdeems nach 200 Manifestatiounen uechtert Land.

Eréischt den Ufank vun de Streiken

Et ass zanter 12 Joer déi éischte Kéier, datt all aacht grouss Gewerkschaftsverbänn zesummen zu engem grousse Streik opruffen. De Virsëtzende vun der CGT, de Philippe Martinez huet scho gefuerdert, datt de Streik soll verlängert ginn, och vun anere Gewerkschaften ass ze héieren, datt et just den Ufank wier, sollt d'Regierung hier Reformpläng ëmsetze wëllen.

Ënnerstëtzung kréien d'Gewerkschafte vun de lénks-gréngen Oppositiounsparteien, déi dem President a senger Regierung de Kampf ugesot hunn. D'Premierministesch Elizabeth Borne hat virgëschter nach eemol festgehalen, d'Reform wier am Dialog mat de Sozialpartner entstanen an net eleng vun der Regierung opgestallt ginn. Sondagen no sinn ongeféier 67 Prozent vun der Populatioun géint d'Rentereform.