Ob Mobbing ënner Jugendlecher oder Reiwereie mat der Police: vill Material dat mat Handye gefilmt gouf lant an de soziale Medien. Mat der Bodycam kënne d'Polizisten an Zukunft hiren Asaz dokumentéieren. Dat dierf och de Bierger. D'Filme vun de Polizisten ass fir den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies net verbueden.
"Wann hien awer elo en Asaz huet da kann hien eigentlech gefilmt ginn, d'ganz Fro ass natierlech och wéi een dat filmt. Et dierf een, wann een dat filmt, den Asaz net iergendwéi gefährden. Et dierf een de Polizist net an der Ausübung vu senger Missioun ebe behënneren, mee d'Filmen u sech vu Poliziste gëtt eigentlech ugesinn als en Ausdrock vun der liberté d'expression."
Gewaltzenen dierfen net um Internet gedeelt ginn
D'Opname kënnen am Fall vun engem net ugepassten oder iwwerdriwwen aggressive Verhalen vum Beamten och als juristescht Beweismaterial genotzt ginn, sou wéi dat rezent a Frankräich de Fall war wou e Beamten en Jugendlechen erschoss hat. Illegal ass et awer fir Videoe mat Gewaltzenen um Internet ze deelen.
"Also wann een en Asaz filmt an et ass een der Meenung, do ass eppes net richteg gelaf da muss een dat den Autoritéite mellen, dem Parquet mellen."
Dat gëlt ëmsou méi fir Opnamen op deene Mannerjäreger ze erkenne sinn, sou wéi dat zum Beispill rezent an engem Mobbing Video de Fall war.