arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel wäert aus CSV austrieden

CSV

|
reading time

2 min

Frank Engel wäert aus CSV austrieden

Den Nach-Parteipresident Frank Engel wäert deemnächst aus der CSV austrieden: dat huet hien de Moie bei RTL ugekënnegt. Gläichzäiteg huet hien net ausgeschloss, datt hien eng nei Partei oder en neie Mouvement kéint grënnen. Hien hätt eigentlech Loscht dorop, an hie géif vu ville Leit sollicitéiert ginn, dëse Schrack ze maachen.

reading time

2 min

Vill Leit géife sech weder vun de Regierungsparteien nach vum demokratesche Konservatismus, wéi en dacks mat der CSV associéiert gëtt, vertruede fillen. Dem Frank Engel no wier no der Covid-Zäit "gesamt-gesellschaftlechen Neiopbroch" néideg.

Si hätt d'Ukënnegunge vum Frank Engel "zur Kenntnis geholl", esou d'Reaktioun vun der Martine Hansen am 100,7-Interview. An engem demokratesche Land kéint jiddwereen eng Partei grënnen. Eng Zersplitterung vun der Parteielandschaft wier awer ni ganz virdeelhaft, esou d'CSV-Fraktiounscheffin. Weider wollt d'Martine Hansen dat net kommentéieren.

"Mir sinn eng Vollekspartei, wou jiddweree wëllkomm ass, och wa mol eng Kéier Sträit war", esou analyséiert den neie Co-Fraktiounspresident Gilles Roth d'Situatioun.

"Déi Decisioun, déi den Här Engel fir sech hëlt, dat ass seng eegen. A wann hie wëllt een neie Mouvement oder eng nei Partei grënnen: ech menge mir sinn an engem demokratesche Rechtsstaat, do gesäit d'Verfassung dat vir. Mir wäerten eis engagéiere fir d'CSV, fir eng programmatesch och villäicht zum Deel Neigestaltung vun der CSV, eng personell Neiopstellung."

Datt den Député-Maire vu Mamer Gilles Roth vun elo un nieft der Martine Hansen un der Spëtzt vun der CSV-Fraktioun steet, war gëschter ugekënnegt ginn, zesumme mat der geplangter duebeler Besetzung vun de Posten un der Parteispëtzt. Kandidat fir um Kongress de 24. Abrëll neie Parteichef ze ginn ass de Claude Wiseler.