Radioen

On air

Resonanzen  |  Méi wéi just Suen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel: "Ech hu mir näischt ze reprochéieren"

CSV

Frank Engel: "Ech hu mir näischt ze reprochéieren"

Et ass keen Draamstart fir den neien CSV-President. No engem Artikel vu REPORTER.lu steet de Frank Engel wéinst senge Verbindungen zu enger privater Sécherheetsfirma an der Kritik. Wat huet den neien CSV-Chef falsch gemaach? Dorop äntwert hien am Gespréich mam Rick Mertens.

auto_stories

4 min

Den neien CSV-Parteipresident Frank Engel

Rick Mertens: Frank Engel, Dir sidd knapps dräi Deeg President vun der gréisster Partei am Land a scho sidd Dir an de Schlagzeile wéinst engem Poste bei enger Sécherheetsfirma, déi mam amerikanesche Militär zesummeschafft. Deet et Iech mëttlerweil leed, datt Dir dëse Poste jee ugeholl hutt?

Frank Engel: Ech hu kee Poste bei enger Sécherheetsfirma, ech sëtzen an engem Verwaltungsrot vun enger Participatiounsgesellschaft. Dat sinn zwou ganz verschidde Saachen. Et ass der Lëtzebuerger Press hire Choix, fir Saachen op déi eng oder op déi aner Manéier auszedrécken. Et kann een dat richteg duerstellen an et kann een et esou duerstellen, wéi REPORTER.lu geméngt huet et missten ze maachen, an een a Verbindung brénge mat deenen onméiglechste Saachen. Dat ass eppes wat ech net sonnerlech gutt fannen, ech kann awer näischt dogéint maachen.

Dir sëtzt effektiv am Verwaltungsrot vun enger Holding mat Sëtz zu Lëtzebuerg, der Global Strategies S.A., hu Dir iech dann ni d'Fro gestallt, wou d'Suen hierkommen, déi an déi Holding fléissen, respektiv woura se investéiert?

Ech weess jo vaguement wat déi mécht, well et eng vun de Responsabilitéite vun engem Member vun engem Verwaltungsrot ass, fir d'Konten an d'Bilane guttzeheeschen. Also weess ech wat déi gemaach hunn, mee dat si jo net ech, deen dat mécht, dat si Gesellschaften, déi weltwäit operéieren. Et ass jo net esou, datt Dir iergend e Member vun Arcelor Mittal frot, ob deen dann elo genau weess, wat an engem Stolwierk a Südindie vir sech geet.

Sinn dat da Saachen, hanner deenen Dir och selwer politesch stitt? Déi Firma huet hir Suen zum Beispill domat verdéngt, datt se um Ufank vum Irak- a vum Afghanistankrich an deene Länner dat amerikanescht Militär ënnerstëtzt huet.

Déi Firma huet zum Beispill hiert Geld domat verdéngt, datt se am Irak no enger Geldreform - et war net wierklech eng Wärungsreform, mee eng Geldreform - d'Ausliwwerung vun neie Geldschäiner landeswäit organiséiert huet, am Optrag vun de Washingtoner globale Finanzinstitutiounen. Ech mengen net, datt dat eppes ass, fir dat ee sech muss entschëllegen.

Et war mat déi éischt Firma, déi mat an déi Länner gaangen ass. Deemools waren do och nach Krichshandlungen am Gaang.

Déi huet sech jo net u Krichshandlunge bedeelegt, déi huet d'Sécherheet garantéiert vu Leit déi do geschafft hunn, haut nach do schaffen, vu Leit déi do op Visitt waren. Souguer Europadeputéierter reese jo heiansdo och op méi geféierlech Plazen. A wann een dat mécht - Kommissären, Regierungsmemberen, Staatspresidenten, wien och ëmmer - dee gëtt och vu private Sécherheetsfirme beschützt. Dat ass an Afghanistan an an der Zentralafrikanescher Republik esou. Dat ass dat Geschäft wat déi Leit maachen, well soss keen et mécht, soss hätte se jo kee Geschäftsmodell. Déi sinn net do fir Krich ze féieren, mee fir Schutz ze liwweren.

Dir hutt Iech also absolutt näischt virzewerfen?

Ech hu mir héchstens virzewerfen, datt ech net viru Jore schonn - well ech hätt missten anticipéieren, datt iergendwéini eng Kéier, e sougenannt Presseorgan dat do fënnt - hätt demissionéiere sollen a kucken datt dat kengem opfält.(laacht) Well virzewerfen hunn ech mir näischt.

Mee firwat de Posten néierleeën, wann Dir Iech näischt virzewerfen hutt?

Majo wéinst deem wat elo lass ass. Et besteet jo keng verstänneg Chance - fir mech oder fir een Aneren deen an esou eng Situatioun kënnt - fir elo ze erklären, datt dat do e ganz normale Verwaltungsrot ass. A sou Verwaltungsréit sëtzen zu Lëtzebuerg honnerte vu Leit an déi verwalten do am Wesentleche Konten an heeschen heiansdo eng global Strategie gutt. Méi maache mir net. Mee datt elo do raus eng wahnsinneg Geschicht gedréit gëtt - wéi dat elo de Fall ass - dat huet jo näischt mat der absolutter Noutwendegkeet vun der Duerleeung vu Fakten ze dinn. Dat huet jo just domat ze dinn, datt een engem wëll schueden.

Mee Dir wäert elo austrieden aus deem Verwaltungsrot?

Dee Verwaltungsrot gëtt souwisou, souwäit ech weess, mat der ganzer Gesellschaft opgeléist, well dat operatiivt Geschäft, wat Gesellschaften vun där Participatiounsgesellschaft do ofgehaangen hunn, sech am Verlaf vun de leschte Jore komplett reorientéiert huet. Do geet et elo am Wesentlechen nach ëm Investmentfongen an dat ass eppes wat déi Lëtzebuergesch Gesellschaft eigentlech net méi noutwenneg mécht. Ech kucken elo, ob d'Gesellschaft fir d'éischt ofgewéckelt gëtt, oder ob ech fir d'éischt demissionéieren... Ech hunn d'Impressioun, datt et éischter dat Lescht ass.