Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel denkt iwwer juristesch Schrëtt no

Frëndeskrees-Affär

Frank Engel denkt iwwer juristesch Schrëtt no

De Frank Engel denkt seriö doriwwer no, juristesch géint déi Leit virzegoen, déi hie beim Parquet denoncéiert hunn. Dat widderhëlt de fréieren CSV-Parteipresident een Dag no sengem Fräisproch am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

De Frank Engel gouf an der Affär Frëndeskrees fräigeschwat

Viséiert wieren haaptsächlech de Gilles Roth, deen de Frank Engel "Rädelsführer" genannt huet", mee och ënner anerem d'Martine Hansen, de Léon Gloden an d'Diane Adehm.

De Frank Engel geet awer net dovunner aus, datt déi concernéiert Leit parteiintern Konsequenze misste fäerten: "Wësst Der, d'CSV ass jo keng revolutionär Partei", esou de fréieren CSV-Parteipresident.

Hie geet net dovunner aus, datt et an de CSV Beweegunge wäerte ginn déi Konsequenze fuerderen. "Mee ech géif als Member vun der Partei dat ganz sécher maachen", esou de Frank Engel.

Kritik um Claude Wiseler

Schaarf kritiséiert huet hien och säin Nofollger als Parteipresident, de Claude Wiseler. Net well e mat denoncéiert gehat hätt, mee well en d'Denonciatioun net verhënnert huet, wéi et an der Fraktioun zur Sprooch koum:

"All eenzelen Deputéierten - all eenzelen! - hätt et an der Hand gehat, fir an där Sëtzung do ze soen: Deen Unfug do maachen ech net mat! A wann der deen Unfug do maacht, da soen ech ëffentlech, datt ech mech ëffentlech dovun distanzéieren. Hätt een dee Courage gehat fir dat ze maachen - an de Claude Wiseler wier net där mannster Deputéierter een - da wier et zu där Denonciatioun, mengen ech, net komm. Et ass awer zu der komm."

Politesche Comeback net ausgeschloss

Déi ganz Affär hätt seng Liewensplanung op d'Kopp geheit, esou de fréiere Parteipresident vun der CSV.

E politesche Comeback schléisst de Frank Engel awer net aus - dat awer éischter an enger Partei oder Beweegung, un där hirer Grënnung hie bedeelegt wier, wéi an enger existenter politescher Formatioun.

Keng Reaktioun aus der CSV

Weder den CSV-Partei-President Claude Wiseler nach déi béid Co-Fraktiounscheffe Martine Hansen a Gilles Roth wollten de Moien op dem Frank Engel seng Aussoe reagéieren: "Ech denken net drun dorop ze reagéieren", esou de Claude Wiseler op Nofro hin: Hie wéilt net an eng Diskussioun doriwwer trieden.

D'Martine Hansen seet, si wéilt dem "Här Engel" seng Aussoen zu dësem Zäitpunkt net kommentéieren. D'Urteel hätt si nach ëmmer net gesinn.

Wéinst der Affär CSV-Frëndeskrees wiere Memberen aus der CSV ausgetrueden, esou nach de Claude Wiseler: a wéi enger Zuel wier him awer net bekannt, esou de Partei-President.

Iwwer d'Urteel vu gëschter sollen d'CSV-Gremien Ufank vun der nächster Woch debattéieren, dat huet d'Lëtzebuerger Wort haut ugekënnegt.