arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fränk Engel: D'EU hätt méi aggressiv missen akafen

Impfstoff

|
reading time

1 min

Fränk Engel: D'EU hätt méi aggressiv missen akafen

Den CSV-President Fränk Engel hat an de leschten Deeg op facebook mat Kritik iwwer déi europäesch Strategie vum Impfstoff-Akaf op sech opmierksam gemaach.

reading time

1 min

D'Europäesch Unioun hätte bei jiddwerengem vun de sechs Impfstoff-Produzenten esou vill Vaccin solle bestellen, datt een déi ganz Populatioun mat deem enge Produit hätt kënnen impfen, esou de Fränk Engel.

D'EU vill ze vill defensiv

Hie wier iwwerzeegt, datt ee bei méi grousse Bestellungen och méi Dosisse geliwwert kritt hätt. D'EU géif 450 Milliounen Awunner vertrieden a wier domat och wuel ee vun deene gréisste Clienten.

Mat enger besserer Akafspolitik hätt och de ganzen Impfprozess kënnen acceleréiert ginn, sot de fréieren Europadeputéierten:

"Wann ech gesinn, datt Israel haut seet: mir hunn elo 15 Prozent vun eiser Populatioun geimpft a bis Enn Mäerz si mir bei der Hallschecht-plus. An ech kucke mir dat bei eis un, da soen ech mir: ech hoffen instänneg, datt mir net an deenen nächste Wochen ëmmer erëm de Leit, déi sech d'Fro stelle 'Wéini ass et dann u mir?' musse soe 'Jo nach esou bal net.'"

Ee méi séieren Impfprozess wier och nëtzlech gewiescht, fir an der Bevëlkerung méi eng grouss Acceptanz vun der Corona-Impfung ze erreechen, esou nach de Fränk Engel.