Ukrain-Krich François Heisbourg: "La rationalité de Poutine n'est pas la nôtre"

Dem Wladimir Putin seng Ambitioune limitéiere sech net op d'Ukrain, seet de François Heisbourg, Expert a geopoliteschen a -strategesche Froen am 100,7-Interview.

Maurice Molitor / rb

François Heisbourg
De François Heisbourg ass Expert a geopoliteschen a -strategesche Froen. Foto: Archiv.

De russesche President wéilt d'Ukrain annektéieren, dat steet fir de François Heisbourg ausser Fro. Datt hien dann e Land iwwerhëlt, dat komplett zerstéiert, an deem seng Bevëlkerung - deen Deel, deen net geflücht ass - him feindlech gesënnt ass, géif objektiv kee Sënn maachen.

Mee et misst een ophalen, de russesche President mat eise Moossstief ze beurteelen, seet de François Heisbourg:

"Pour nous cela paraît consternant qu'un homme puisse se lever le jeudi matin 24 février et se dire, aujourd'hui j'envahis l'Ukraine. Ça n'a effectivement pas de sens. Mais ça ne va pas l'empêcher de le faire. Donc il faut partir du principe que ce sont les décisions de Poutine par rapport auxquelles nous devons réagir, et non pas par rapport à ce que nous, nous considérons comme étant raisonnable et intelligent."

De François Heisbourg gesäit d'Méiglechkeet, datt de russesche President sech no der Ukrain fir de Balkan interesséiert. Dëst gëllt beispillsweis fir d'Repubika Srpska a Bosnien, wou et staark pro-russesch Tendenze ginn, oder nach fir Serbien.

De Weste muss d'Kontroll iwwer d'Eskalatioun kréien

Datt Russland zënter zwee Deeg Iwwerschall-Rakéiten agesat hätt, géif net wierklech eppes änneren, mengt de François Heisbourg. Senger Meenung no géif et do virun allem ëm d'Symbolik goen:

"Comme ces armes appartiennent en termes de généalogie militaire et technologique à l'ensemble nucléaire stratégique, c'est un signal par lequel Poutine dit: Ecoutez, je mets en œuvre des moyens qui ne sont pas des moyens militaires ordinaires. Donc, ne me poussez pas trop loin."

Vum Westen erwaart de François Heisbourg, datt e selwer probéiert, d'Kontroll iwwer d'Eskalatioun ze kréien, an domat ophält, dem Wladimir Putin d'Initiativ komplett ze iwwerloossen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Mënschen traueren zu Lwiw
Krich an der Ukrain

De Krich an der Ukrain ass zënter e puer Deeg am Weste vum Land ukomm. Eng vun deene Stied ass Lwiw, eng Plaz déi weiderhin als sécher gëllt, mee wou de Fridde relativ séier vu russeschen Ugrëff op en Enn bruecht kéint ginn.

Fraen aus der Ukrain zu Medyka
Ukrain-Krich

Kiew preparéiert sech fir den Eeschtfall a verbarrikadéiert sech. Trotz de russeschen Attacke gëtt awer och geschwat. Russesch an ukrainesch Delegatioun hunn sech gëschter nees virtuell getraff.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen