D'Frontaliere géifen hei zu Lëtzebuerg Steiere bezuelen awer a Frankräich Servicer déi d'Gemenge Sue kaschte beusprochen, esou den Olivier Jacquin.
Net nach méi Autoen op eis Stroosse bréngen
De François Bausch seet, un d'Belsch hätt Lëtzebuerg d'lescht Joer 48 Milliounen Euro steierlech Kompensatioune bezuelt. Dat hätt awer aner, historesch Hannergrënn, esou de grénge Vizepremier a Mobilitéitsminister François Bausch. Fir Frankräich géif dat net a Fro kommen.
"Also ech sinn éischtens, dat hunn ech och ëmmer gesot, dogéint, datt mir Suen op Paräis iwwerweisen an dann huet dovun d'Regioun iwwerhaapt näischt, well da weess d'Regioun jo guer net op déi sou benotzt gi fir eng Infrastruktur an der Lorraine an am Grand Est ze finanzéieren."
De Senateur Olivier Jacquin huet proposéiert, datt Lëtzebuerg sech um Ausbau vun der Autobunn A31bis bedeelegt. Méi genau beim Ausbau vun enger drëtter Spuer, déi fir de Covoiturage reservéiert wier.
Mee och esou e Finanzement leent de François Bausch staark of. Et wéilt een net nach méi Autoen op Lëtzebuerg bréngen.
"Der Regierung hir Prioritéit läit dorobber, fir haaptsächlech Leit vum Auto eriwwer op aner Verkéiersmëttelen ze kommen, an dat wëlle mir massiv fërderen. Do gëtt et nach vill aner Méiglechkeeten, wou mir eis kéinte virstellen, eis ze bedeelegen, mee ganz sécher net un der A31."
Lëtzebuerg wëll sech näischt virschreiwe loossen
Eng vun deene Méiglechkeete wier den Ausbau vun der Zuchstreck op Thionville.
Fir esou Projeten huet Lëtzebuerg alles an allem e Pak vun 250 Milliounen Euro accordéiert, esou de Bauteminister. Et géifen awer Konditioune ginn.
"Et mussen awer Projete sinn, wou mir och eppes dervun hunn a respektiv wou mir och fannen, datt se Sënn maachen am Kader vun der Mobilitéit an der grousser Regioun"
De François Bausch ënnersträicht, datt Lëtzebuerg mat decidéiere wëll a wéi eng Projete finanzéiert gëtt, an dat net wëll virgeschriwwe kréien.