Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Say Laura

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bausch: "Eigentlech net akzeptabel"

Politesch Reaktiounen op US-Attack

François Bausch: "Eigentlech net akzeptabel"

De Lëtzebuerger Verteidegungsminister zweiwelt drun, datt d'US-Arméi dat internationaalt Recht respektéiert huet, wéi se den iranesche Generol Qasem Soleimani ëmbruecht huet. De François Bausch seet, d'Approche vum amerikanesche President wier "eigentlech net akzeptabel".

auto_stories

2 min

De Verteidegungsminister vun déi gréng betount, et wier bis elo net kloer, firwat d'amerikanesch Arméi den iranesche Generol Soleimani an der Nuecht op e Freideg attackéiert huet.

Och an den USA géifen d'Grënn fir dës Aktioun a Fro gestallt ginn, och vu Militärexperten. "Well et ass jo am Fong eng Hiriichtung, déi do gemaach ginn ass. Op Basis vu wat fir engem internationale Recht ass déi da gemaach ginn?"

Eng Fro, op déi et bis elo keng Äntwert gëtt, fënnt de François Bausch. Hie betount, datt d'Defense do wier fir d'Prinzippie vum Rechtsstaat ze verteidegen. Militäresch Mëttele sollten nëmmen agesat ginn, wann d'internationaalt Recht, oder demokratesch Grondwäerter a Gefor wieren.

Genee wéi den Ausseminister rifft dofir och de Lëtzebuerger Verteidegungsminister zur Deseskalatioun op. Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler fënnt dës Positioun vun der Regierung grondsätzlech richteg. Hien insistéiert awer, datt och déi zoustänneg Chamberkommissioun misst iwwer d'Situatioun informéiert ginn.

D'CSV hätt dofir gefrot, datt de Sujet op den Ordre du jour vun der zoustänneger Chamberkommissioun gesat gëtt. "Mir kommen iwwerhaapt net dolaanscht", sou de Claude Wiseler.

Den EU-Deputéierte Charel Goerens geet iwwerdeems dovun aus, datt och d'Europaparlament an den nächsten Deeg zur Deseskalatioun oprifft. Den DP-Politiker betount awer, datt d'EU just e limitéierten Afloss op déi aktuell Situatioun am Noen Osten hätt. "D'Europäesch Unioun kann héchstens hoffen, datt bei den amerikanesche Walen eppes anescht erauskënnt, wéi dat, wat viru véier Joer de Fall war", sou den EU-Parlamentarier.