Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Geléinte Wierder am Lëtzebuergeschen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: Beim TICE ass keng Aarbechtsplaz menacéiert

Ëffentlechen Transport

François Bausch: Beim TICE ass keng Aarbechtsplaz menacéiert

Beim interkommunale Syndikat TICE ass keng Aarbechtsplaz menacéiert, berouegt de Mobilitéitsminister François Bausch haut a senger Prise de Position. D'Personaldelegatioun hat d'Personal vum TICE rezent doriwwer informéiert, datt de Ministère verschidde Bus-Linnen net méi wéilt subventionéieren, an hat viru gravéierende Konsequenze gewarnt, well d'Gemengen déi zousätzlech Käschten net kéinten droen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Et géif kee Grond gi sech Suergen ëm déi Beschäftegt beim TICE ze maachen, ënnersträicht de François Bausch.

Den interkommunale Syndikat TICE, dee sech ëm den ëffentlechen Transport am Süde vum Land këmmert, soll an Zukunft eng "primordial Roll" spillen, fir an d'Quartieren ze fueren a se mat de wichtege Pôles d'Echanges ze verbannen, schreift elo de François Bausch.

D'Konventioun tëschent dem Staat an dem Bus-Syndikat hätt misste gekënnegt ginn, wéinst RGTR-Kontrakter, déi net méi a Kraaft sinn, preziséiert de Minister. Vum Januar 2025 u soll eng nei verbessert Konventioun mam TICE gëllen, déi een neit Bus-Konzept ëmsetzt, stellt hien an Aussicht.

Nei-Opdeelung vun den Aufgabe fir TICE an RGTR

Zënter Enn vum leschte Joer géifen "ganz konstruktiv" Verhandlunge fir déi nei Konventioun lafen.

Bis 2035 misste pro Schaffdag 70.000 zousätzlech Deplacementer mam ëffentlechen Transport vun deene verschiddenen Acteuren am Süden assuréiert ginn. Dat géif och eng massiv Augmentatioun vun der Bus-Offer mat sech bréngen, esou de François Bausch. Hie kënnegt un, datt et dobäi - och wéinst europäesche Reegele fir de grenziwwerschreidende Bus-Transport - zu enger Nei-Opdeelung vun den Aufgaben tëschent TICE an dem Bus-System RGTR soll kommen.

Spezial-Gesetz soll Léisung bréngen

Et wier um neien TICE-Büro, deen no de Gemengewalen zesumme gesat gëtt, d'Verhandlunge fir déi nei Konventioun tëschent Staat an TICE virun ze féieren. Déi nei Regierung soll dann ee Spezial-Gesetz virbereeden, fir déi finanziell Bedeelegung vum Staat fir den TICE bis Enn 2027.

Wéinst der Opreegung ronderëm Syndikdat TICE, hu sech gëschter an haut eng Rei Politiker sech zu Wuert gemellt: ënner anerem den CSV-Politiker a Vize-President vum TICE Michel Wolter hat de Ministère kritiséiert, an hien hat viru finanziell oniwwerbréckbare Problemer beim Syndikat gewarnt. Jee no Modell vun der Regierung stéingen tëschent 40 an 140 Aarbechtsplaze beim TICE um Spill, hat hie behaapt.

Entrevue tëscht Ministère an TICE déi nächst Woch

An eng Entrevue mam Moblitéitsminister François Bausch, déi d'Personaldelegatioun vum TICE ugefrot hat, fir iwwert d'Zukunft beim Syndikat ze schwätzen, soll ee Mëttwoch (19.07.23) sinn: dat huet de Ministère eis de Moien op Nofro hi matgedeelt.

Den TICE beschäftegt de Moment 540 Leit Personal a schafft mat engem ordinäre Jores-Budget vu 65 Milliounen Euro. D'Zuel vun de Bus-Linne läit aktuell bei 15.

Den TICE beschäftegt de Moment 540 Leit Personal a schafft mat engem ordniäre Jores-Budget vu 65 Milliounen Euro. D'Zuel vun de Bus-Linne läit aktuell bei 15.