Tripartite fir d'Luxair François Bausch: "Alles" maache fir d'Luxair "op Kurs" ze behalen

De Mobilitéitsminister François Bausch huet fir de 26. September eng Tripartite aberuff, fir iwwert d'Situatioun bei der Lëtzebuerger Fluggesellschaft Luxair ze diskutéieren. Och den Aarbechtsminister wäert mat drun Deel huelen.

Carole Schimmer / cz

François Bausch
Foto: Archiv

Et géif ee mat där Tripartite probéiere Léisunge virzeschloen, fir datt d'Fluggesellschaft ka weider existéieren, betount de François Bausch.

D'Luxair wier systemrelevant an dofir misst d'Regierung och "alles maachen", fir déi Gesellschaft "op Kurs ze halen". Elo géif ee mol zesummen an der Tripartite eng Bestandanalys vun der nationaler Fluggesellschaft maachen an dann iwwer méiglech Krisen-Instrumenter schwätzen. "Stéchwuert Chômage partiel", sou de François Bausch.


De François Bausch lauschteren


Well d'Luxair eng Privatgesellschaft ass, dierft déi Tripartite sech net mat den Tarifverhandlunge befaassen. Dofir géif et déi normal gewerkschaftlech an aarbechtsrechtlech Prozedure ginn. D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL denoncéiere schlecht Aarbechtskonditiounen an ee Manktem un Versteesdemech fir d'Doleancë vum Personal vu Säite vun der Generaldirektioun.

An enger éischter Reaktioun sot de Robert Fornieri vum LCGB, datt d'Situatioun sou schlecht wier, datt ee bannent deenen nächsten zwou Woche misst intervenéieren. Eng Tripartite Enn September wier ze wäit ewech.

Méi zum Thema

Fliger Luxair landen
Aviatioun

Beim Luxair-Personal ass d'Stëmmung net gutt. Extreem Flexibilitéit, héich Aarbechtsbelaaschtung an dobäi e Gel vun de Salairen. Kritiséiert gëtt d'Direktioun a virun allem de Gilles Feith.

Findel
Flughafen

Um Findel ginn et dem OGBL no keng chaotesch Zoustänn wéi op aneren europäesche Flughäfen. Beim Personal géif et awer Stress an eng héich Belaaschtung ginn, seet der Gewerkschaftlerin Michelle Cloos.

BIL
Wirtschaft

De BIL-President confirméiert d'100,7-Informatioun, datt d'Bank hir Undeeler un der nationaler Fluchgesellschaft verkafe wëllt. Esou eng Participatioun géif net zum Kärgeschäft vun enger Bank gehéieren.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen