Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraerechter: An Däitschland ass d'Kierch "méi wäit" wéi zu Lëtzebuerg

Kathoulesch Kierch

Fraerechter: An Däitschland ass d'Kierch "méi wäit" wéi zu Lëtzebuerg

An der Diskussioun ronderëm d'Fraerechter, ass déi kathoulesch Kierch an Däitschland "méi wäit", wéi d'Lëtzebuerger Kierch, seet d'Marie-Christine Ries. Déi däitsch Kierch hätt zum Beispill zanter Joren e Fërderprogramm fir Fraen op Verantwortungsposten ze bréngen. Si mengt, déi Lëtzebuerger Kierch wier fir esou e Programm "ze kleng", seet déi bëschhooflech Delegéiert.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

De Lëtzebuerger Äerzbëschof seet, hie géif sech a senger Kierch méi Fraen op Entscheedungsposte wënschen. Eng vun de wéinege Fraen, déi haut schonn e Responsabilitéitsposten an der Lëtzebuerger Kierch huet, ass d'Marie-Christine Ries, déi zanter e puer Joer bëschooflech Delegéiert ass. Si wéilt sech bannen der Kierch weider fir d'Rechter vun de Fraen asetzen.

Si selwer hätt eng eenzeg Kéier dru geduecht an déi anglikanesch Kierch anzetrieden, wéi dës d'Priestertum fir d'Fra opgemaach hunn. Datt si nach wäert erliewen, datt d'Diakonat an d'Priestertum an der kathoulescher Kierch fir Fraen zougänglech gëtt, gleeft d'Marie-Christine Ries net.

"Ech hoffen, an ech schaffen, an ech bieden, an ech kämpfen, datt d'Diakonat an d'Priestertum fir d'Fra méiglech gëtt. An déi Hoffnung ginn ech net op. Ech weess, datt ech et net méi erliewen. Mee ech soe mir: Wann ech meng Schrëtt haut net gi mat aneren, fir datt et kënnt, da kann et ni kommen. Also ginn ech se."