Radioen

On air

Notturno  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraen, Gewalt, Flucht a Migratioun

Weltfraendag

Fraen, Gewalt, Flucht a Migratioun

Den Internationale Fraendag steet dëst Joer am Zeeche vu Preventioun géint Gewalt géintiwwer Fraen op der Flucht. D'Christa Brömmel vum CID-Fraen an Gender ass skeptesch, datt déi spezifesch Form vu Gewalt géint Fraen als Asylgrond festgehale gëtt.

auto_stories

3 min

Christa Brömmel

Den Internationale Fraendag steet och zu Lëtzebuerg ënnert dem Thema: Fraen, Gewalt, Flucht a Migratioun.

Lëtzebuerg wäert am Juni d'Istanbul-Konventioun ratifizéieren, esou d'Christa Brömmel vun der Plattform fir den Internationale Fraendag de Moien um radio 100,7. Bei dëser Konventioun geet et ëm d'Protektioun an d'Preventioun vu Fraen, déi Affer vu Gewalt sinn.

Kampf géint d'Gewalt géintiwwer Fraen

Déi politesch Beoptraagte vum "Informatiouns- an Dokumentatiounszenter - Fraen an Gender" Christa Brömmel erhofft sech dovu Verfolgung vu geschlechtsspezifesche Gewaltakten. De Staat soll doduerch eng Obligatioun kréien, fir déi betraffe Frae besser ze schützen.

Woubäi Lëtzebuerg schonn de Moment gutt Gesetzer hätt, fir Fäll vun häuslecher Gewalt a fir d'Affer vu Mënschenhandel, esou d'Chrtista Brömmel. Aner geschlechtsspezifesch Gewalt, wéi forcéiert Bestietnisser, wiere rechtlech awer net genuch cadréiert.

Gewalt géint Fraen als Asylgrond?

D'Christa Brömmel ass dann och skeptesch, datt déi spezifesch Form vu Gewalt géint Fraen als Asylgrond festgehale gëtt. Déi politesch Responsabel a Gestionnaire vu Flüchtlingsstrukture kruten eng Checklëscht vun der Plattform, fir den Encadrement vun de betraffene Fraen. Gefuerdert ginn zum Beispill Formatioune fir d'Personal an de Flüchtlings-Betreiungsstrukturen.

D'Mick Entringer huet sech mam Chrisa Brömmel ënnerhal:

Interview Christa Brömmelplay_arrow

Flüchtlingsfraen

Een Drëttel vun all de Flüchtlingen, déi eng Openthaltsgenehmegung an Europa kréie si Fraen, esou d'Fraen-Organisatioun vun de Vereente Natiounen. De Wee bis an Europa wier awer dacks vu Gewalt gepräägt, souwuel am Heemechtsland, wéi op der Flucht. Mee och an de Flüchtlingsstrukturen hunn d'Fraen net ëmmer déi néideg Beschäftegung, fir dem Erlieften aus de Féiss ze goen.

Allengstoend Fraen a Mamme mat klenge Kanner, déi op der Flucht sinn, ginn hei am Land zu Réiden un der Atert am Foyer Félix Schroeder vum Roude Kräiz opgeholl. Eng 37 Joer al Fra aus dem Kamerun an eng 27 Joer al Fra aus dem Irak ware bereet, fir iwwer d'Ëmstänn vun hirer Flucht an dat, wat hinne passéiert ass, ze schwätzen. Alle béid ware se der Gewalt vun engem oder méi Männer ausgesat.

Fir de Welt-Fraendag huet d'Françoise Keller mat den zwou Frae geschwat.

Radiobäitrag - Flüchtlingsfraenplay_arrow