Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Foyer Ulysse soll fir zwee Joer am ale Gebai vum Wort ënnerkommen

Gesellschaft

Foyer Ulysse soll fir zwee Joer am ale Gebai vum Wort ënnerkommen

De Foyer Ulysse huet méiglecherweis eng nei Plaz zu Gaasperech fonnt. Am fréiere Gebai vum Lëtzebuerger Wort kéinten d'Leit ënnerkommen, soulaang dat aktuellt Gebau renovéiert gëtt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Proprietär vum Gebai wier bereet der Caritas den ale Siège vum Wort zur Verfügung ze stellen, confirméiert de Caritas-Direkter Marc Crochet. Dat nodeems hien Uganks Oktober en ëffentlechen Appell lancéiert hat fir eng nei Plaz ze fanne fir d'Leit vum Foyer Ulysse ënner ze bréngen, wann dëse renovéiert gëtt.

Ëmbauaarbechten néideg

Et wier een elo am Gaang d'Machbarkeet vun dëser Solutioun, en vu vum néidegen Agrément vum Familljeministère ze iwwerpréiwen. "Well wann ee Leit enzwousch ënnerbréngt, da muss een dofir déi néideg Konditiounen erfëllen", seet de Marc Crochet.

Et wier "komfortabel Plaz" fir 42 Leit am fréiere Wort-Sëtz ënner ze bréngen, virdru missten awer eng Rei Ëmbauaarbechte gemaach ginn.

Zanter Mëtt September sinn an engem Deel vum Gebai an der Plantin-Strooss schonn Demandeurs de Protection internationale ënnerbruecht.

Synergiën notzen

Och wann dat mam Office national de l'accueil nach net esou diskutéiert gi wier, kéint de Caritas-Direkter sech eng Kollaboratioun tëschent béide Strukture gutt virstellen - a se wier souguer wënschenswäert.

"Natierlech wier et flott wann ee Synergië kéint fannen. Dat kéint ee sech zum Beispill virstellen um Niveau vun der Restauratioun. Do ass déi al Kantin vum Lëtzebuerger Wort, déi ee kéint notze fir déi eng an déi aner Populatioun."

Keng negativ Reaktiounen erwaart

Si wieren Idealisten a géifen hoffen, datt wann et Reaktiounen aus der Gaasperecher Noperschaft géif ginn, och dës positiv wieren, sou de Marc Crochet.

"Ech muss soen, ob et elo eng Flüchtlingsstruktur ass oder soss eng aner sozial Struktur, ech wunne selwer 50 Meter nieft engem Flüchtlingsheem an ech hu keng Désagrément am Alldag do dovunner ze erleiden. An dat ass mengen ech och d'Reegel."

Hie géif hoffen, datt den Eescht an d'Urgence vun der Situatioun erkannt wier, an ee bis Enn vum Joer all noutwenneg Autorisatiounen hätt fir kënnen déi néideg Transformatiounen am Gebai unzegoen - esou datt Mëtt, Enn Mee d'Leit aus dem Foyer Ulysse kéint zu Gaasperech raplënneren, esou nach de Marc Crochet.