D'Etüd vun Eurostat sëtzt Lëtzebuerg op déi leschte Plaz wat d'Energieeffizienz bei Wunngebaier ugeet. Deemno wieren 2021 ronn 1,6 Tonnen Zäregase pro Kapp verbraucht ginn. Dat fir Privatstéit ze hëtzen oder ze killen
Claude Turmes: "Mir si warscheinlech liicht besser wéi déi Statistik."
Den Ënnerscheed zu Länner wéi Island Norwegen oder Schweden, wou grad mol tëschent 10 a 50 Kilo pro Kapp verbraucht ginn, ass grouss. Dem Claude Turmes no wier dës Etüd allerdéngs liicht verfälscht, well se géif op Donnéeë vun 2012 baséieren.
"Mir si warscheinlech liicht besser wéi déi Statistik. Domat well ech awer net soen, datt mir scho gutt sinn. Hei zu Lëtzebuerg ass et sou, datt eis Wunngebaier, op dat Haiser oder Appartementer sinn, déi meescht Meter Carré fir ze wunnen hunn. Dat heescht mir hu méi Meter Carré fir ze hetzen an historesch si mir an engem Land wou ganz vill Mazoutsheizunge waren an duerno si Gasheizunge komm. A grouss Wunnenge mat Mazout a Gas, dat ergëtt als Resultat datt ee vill CO2 emittéiert. An dofir well ech déi Statistik net schéi rieden."
Dowéinst wéilt de Claude Turmes dës Etüd och net schéi rieden, mee se géing éischter d'Bild vu Lëtzebuerg vu virun 10 Joer weisen.
Méi Renovatioune muisste gemaach ginn
Virop bei de Renovatioune misst méi gemaach ginn, esou den Energieminister. Bis ewell géif just 1 Prozent vun de renovéierbare Gebaier pro Joer och renovéiert ginn. Fir d'Klimaziler ze erreechen a bis 2050 alleguer d'Gebaier fossilfräi ze kréien, misst een allerdéngs op 3 Prozent pro Joer kommen an dat an der ganzer EU.
Renovatioune géifen d'Leit allerdengs dacks ofschrécken. Et wéilt een awer och keen zwéngen erkläert den Direkter fir d'Energieeffizienz am Energieministere Pascal Worré:
"Do wou mir bësse méi Drock oder Zwang kennen ausüben ass op staatlech Gebaier. Do huet de Staat an d'Gemenge jo och eng gewësse Virreiderroll. Mee et ass par Rapport zu den normale Bierger, wou mir als Staat och net wëllen d'Leit zu eppes zwéngen. Dofir gëtt et dann ebe Sensibiliséierung an déi héich Klimabonus-Aiden an d'Leit ebe mat der Hand huelen."
D'Kritik vum Daachverband fir d'Energieberodung, datt d'Krittär fir de Klimabonus ze kréien ze streng wiere léist de Pascal Worré net gëllen. Hei géif et sech éischter em de Schutz vum Konsument handelen.
Gemenge bei der Hand huelen
Bei der Hand huele wéilt een och d'Gemengen. Bis ewell hunn d'Gemengen ënnerschiddlech Krittäre wann et ëm d'Sanéierungen an d'Installatioune bei engem Gebai geet. Nach virum Summer soll d'Basis vum Bautereglement un der d'Gemengen sech inspiréiere kënnen, harmoniséiert ginn.
"Mir hunn iwwert déi lescht Méint eng Analyse gemaach mat ganz ville Gemenge wou mir gekuckt hunn, wat sinn d'Ënnerscheeder fir d'Wäermepompelen, d'Photovoltaikanlagen an d'Renovatiounen, déi dräi Saachen déi am wichtegste sinn. An do geet et vun alles ass erlaabt bis guer näischt ass erlaabt. An do si mir amgaang de Reglement type sur le batisse ze iwwerschaffen, fir dann de Gemengen eng nei Propose ze maachen an ze soen hei wier dat wat haut ugepasst ass un d'Erausfuerderunge fir d'Decarbonisatioun an d'Energietransitioun."
Vill Gemenge wiere frou iwwert esou Leitlinnen, esou nach de Pascal Worré. Ee klenge Schrëtt. Bis d'Gebaier zu Lëtzebuerg ouni fossil Energie auskommen, ass et also nach e wäite Wee.