Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Penny - Beautiful Ordinary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "For curious little minds"

Wirtschaft

"For curious little minds"

Pénktlech fir de Kleeschen a Chrëschtdag huet Facebook dës Woch an den USA fir d'éischte Kéier eng nei App fir Kanner lancéiert. Et wier e Pilotprojet, mat och engem "edukativen" Zweck, seet Facebook. Fir déi grouss Internet-Entreprisë sinn d'Kanner awer virun allem och Konsumenten, mat deene vill Sue kënne gemaach ginn - an dat ouni all ze vill Skrupel.

auto_stories

3 min

Pierre Reyland

Messenger Kids heescht déi nei Facebook-App. Si gouf fir d'éischt mol just an den USA lancéiert. Et ass eng Chat-App, fir digital mateneen ze schnëssen a sech Text, Fotoen a Videomessagen ze schécken. Messenger Kids ass fir Kanner tëscht 6 an 12 Joer.

Facebook huet d'App lancéiert, well op d'mannst 100 Millioune Kanner an deem Alter schonn en normale Facebook Kont hätten. Dat ass awer net erlaabt. E Facebook Profil däerf een eréischt mat 13 Joer uleeën. Messenger Kids däerf just vun den Elteren ugeluecht ginn; an d'Eltere mussen all eenzelen neie Kontakt fräiginn. Bei Messenger Kids géifen och keng Reklamme gewise ginn. An déi perséinlech Date vun de Kids géifen hei net fir Puben ausgewäert an un aner Firme weiderverkaaft ginn, insistéiert Facebook.

"Pester Power"

Domat schützt d'Entreprise sech virum Virworf, datt Kanner exploitéiert, oder mat Contenu konfrontéiert géife ginn, dee fir si schiedlech kéint sinn. Dës u sech luewenswäert Initiativ verstoppt awer den eigentlechen Zweck vu Messenger Kids. Wéi Facebook selwer an der Promo ukënnegt, wier d'App och geduecht, fir Kanner ze trainéieren, wéi ee sougenannte "sozial Reseauen" um Internet gebraucht. An anere Wieder: Facebook wëllt d'Kanner sou fréi wéi méiglech süchteg maachen a sech déi nächst Generatioun vu Useren unziichten.

Well Kanner si "big business" um globaliséierte fräie Maart. Am Englesche gëtt et den Term: "Pester Power". D'Verb - "to pester" - heescht sou vill wéi "ploen" oder "pisaken". An e Produit mat vill "Pester Power" ass een, dee fir Kanner esou attraktiv ass, datt si hir Elteren därmoossen nerven, fir en ze kréien, datt déi nëmme schwéier kënnen Nee soen. Besonnesch bei Spillsaachen, Séissegkeeten an Iesswuere ginn Entreprisen eng kleng Fortune aus, fir de Produit mat esou vill "Pester Power" wéi méiglech ze lueden.

Dobäi hëllefe global Konsumfester, wéi Chrëschtdag, wou vill Eltere souwisou gestresst sinn, fir hir Kanner mat Cadeaue frou ze maachen, a kaum een et fäerdeg bréngt, de Kanner d'Wourecht iwwert de Kleeschen ze verroden.

Den Algorithmus als Babysitter

Nach besser fir d'Kanner zu Konsumbestien ze hypnotiséieren, ass awer den Internet. An e perfekt Beispill ass YouTube Kids - de spezielle Videokanal fir Kanner op YouTube. Typescherweis ginn do vill Animatiounsvideoe gewisen, an deene populär Personnagen aus Kannerfilmer a sënnlose Zeenarien a Situatioune gewise ginn, wou permanent d'Nimm vu Produiten ageblent ginn. Et ass renge Product Placement fir déi Kleng. Deen awer dacks schif geet. Well och vill Videoen duerchrutschen, déi net kannergerecht sinn. An engem Film leien de Spiderman an d'Disney Prinzessin Elsa op der Plage. Si drénken Alkohol; d'Elsa ass voll a schléift an. D'Prinzessin erwächt mat engem décke Bauch. Si erwaart.

De Problem: Youtube Kids gëtt zu engem groussen Deel vun Algorithme kontrolléiert, déi geféierlech Contenue sollen, awer net zu 100 Prozent kënnen, erkennen.

Siwe Minutte Schockela

D'Algorithme suergen och derfir, datt Videoen, déi vill ugeklickt ginn, ganz uewen an der Lëscht vun de Recommandatioune landen. Dofir sinn och schonn d'Titele vun de Videoen aus uneneegereiten, populäre Schlësselwierder zesummegestallt: Zum Beispill: "Cars 2 Silver Lightning McQueen Racer Surprise Eggs Disney Pixar". An dësem "Film" gi während siwe Minutte Schockelaseeër ausgepaakt. Am Gros Plan. Et gesäit een: Eng Këscht voller faarweg agepaakten Eeër, mam Logo vun Disney/Pixar.

Da gëtt een Ee erausgeholl, de Pabeier gëtt erofgeholl. D'Kamera zoomt nach méi no. D'Ee ass aus ... Mmmmm .... Schockela. An da gëtt et opgemaach. Wat ass dran? Eng Surprise! Eng klenge Plastiksauto, ee vun de Charakteren aus den Disney/Pixar Cars Filmer. Den Auto huet Aen, e Schnurrbaart, ee Mond, eng Nues. An da gëtt schonn dat nächst Ee aus der Këscht geholl. De Firmelogo, den Numm vum Produit, de Gros Plan vum Schockela, e klenge Plastiksauto. Mat Aen.

Siwe Minutte laang geet et esou virun. Iwwer 27 Millioune mol gouf dëse Video scho gekuckt. Perfekt fir déi Kleng. Wéi Youtube Kids op der Startsäit schreift: "Made for curious little minds".