Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fokus: Keng Steierentlaaschtung fir jiddereen

Chamberwalen

Fokus: Keng Steierentlaaschtung fir jiddereen

Am Mëttelpunkt vum Walprogramm vun der neier Partei Fokus, stinn d'Theme Famill, Bildung, Gesondheet, Wunnengsbau, Klima, Energie, grad ewéi de Staat. De Walprogramm gouf um Kongress vun der Partei ugeholl. Fokus huet mëttlerweil eng 250 Memberen oder Sympathisanten. Eng 80 waren um Kongress present.

auto_stories

2 min

Am Mëttelpunkt vum geplangte Walprogramm stinn d'Theme Famill, Bildung, Gesondheet, Wunnengsbau, Klima, Energie, grad ewéi de Staat.

Besteiere vu Bauland an Direktwal

A Punkto Gläichbehandlung geet et op fiskalem Plang ënner anerem ëm d'Besteiere vum Bauland deen aus spekulative Grënn zréckbehale gëtt. All Joers soll de Proprietär op d'Plus-value besteiert ginn. Par konter solle Persounen déi an direkter Linn ierwen an déi eng Immobilie musse verkafen, net besteiert ginn.

A punkto Demokratie plädéiert Fokus fir d'Direktwal vu Buergermeeschter a Premier Minister. Weider sollte fir d'Buergermeeschteren d'Duebelmandater, dat heescht Chamber a Gemeng verbuede ginn. Fokus fuerdert och d'Walrecht fir EU-Bierger bei de Chamberwalen.

"Eng Steierreform muss ëmmer finanzéiert ginn."

A senger Ried huet de fréieren CSV-Politiker a Spriecher vu Fokus de Frank Engel kee Versteesdemech gewise fir d'Propos vum CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden fir d'Bierger all steierlech ze entlaaschten ouni Géige-Finanzéierung virzegesinn. Eng Steierreofrm misst ëmmer finanzéiert ginn an de Wuesstem géif do keng Léisung bréngen, seet de Frank Engel

"Well am éischter Joer an am zweete Joer wann et sech em Erliichterungen handelt, sinn d'Effekter nach net sou, datt ee kann iwwer Wuesstem oder aner Saachen hoffen datt et vum selwe geet. Also soe mir, mir maache lo mol net alles fir jiddereen."

12 Spëtzekandidatinnen a Spëtzekandidaten

Déi nei Partei Fokus geet mat enger Dosen Spëtzekandidaten an d'Chamberwalen den 8. Oktober. Am Süde sinn dat de Luc Majerus, Gary Kneip, d'Mady Lietz an d'Anne Lecuit. Am Zentrum de Frank Engel, de Marc Ruppert, d'Micky Maller an de Cedric Bellwald. Am Osten de Jacques Linster an d'Sandra Bilic Klaty an am Norden d'Anne Winter an de Jeff Steichen.