Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fokus": Eng nei Partei zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg

"Fokus": Eng nei Partei zu Lëtzebuerg

Ouni de Fränk Engel, dee stënterlech huet missen hospitaliséiert ginn, ass de Mëtteg déi nei Partei virgestallt ginn, déi de fréieren CSV-President zesumme mat aneren an d'Liewe geruff huet. Hiren Numm ass "Fokus". Si versteet sech manner als Partei am klassesche Sënn wéi als Beweegung mat enger neier Approche fir Politik ze maachen.

auto_stories

1 min

E fäerdege Programm gëtt et nach net, dee soll an engem participative Prozess zesumme mat zukünftege Memberen, Experten an einfache Bierger entstoen. E wäert sech u virdefinéierten Ziler orientéieren, déi Fokus selwer als "biergerlech Wäerter" beschreift. Fokus wëll bei den nächste Gemengewalen am Fréijoer 2023 a méiglechst ville Gemengen untrieden, mat eegene Lëschten oder oppene Biergerlëschten. D'Partei huet och d'Chamberwalen am Hierscht dat selwecht Joer am Bléck. A si wéilt sech do net mat zwee Sëtz zefridde ginn, mee géif ustriewen direkt an d'Regierungs-Verantwortung ze kommen, huet et de Mëtteg op enger Pressekonferenz geheescht.