Dikrech wier eng vun de wéinege Gemengen, déi scho vill dofir maache géif, fir Flüchtlingen opzehuelen, mengt de Buergermeeschter Claude Thill. Et hätt een am Ganzen d'Kapazitéit, fir 350 Mënschen opzehuelen. D'Strukture wieren awer alleguer voll, confirméiert den LSAP-Buergermeeschter vun Dikrech.
"Mir hunn hei zu Dikrech keng Plaz méi. Mir hunn eng Struktur um Härebierg fir 300 leit, déi ass de Moment voll. A mir hunn nach eng zweet zu Dikrech, déi ass fir 50 leit an déi ass och voll."
Kuerzfristeg an direkt Léisung fannen
Et wier een Däiwelskrees, dee schonn zanter Jore besteet, confirméiert och de President vum Syvicol Emile Eicher. Hie mécht sech keng Illusiounen, datt de Problem vu Logementer fir Flüchtlingen, déi feele, séier dauerhaft behuewe kéint ginn.
Den aktuellen Drock op de Wunnengsmarché wier einfach ze héich. Et bräicht een elo eng kuerzfristeg an direkt Léisung, fir d'Flüchtlingen ënnerzebréngen, fuerdert den Emile Eicher.
Déi eenzeg Méiglechkeet fir eng direkt Léisung wier et fir déi eidelstoend Gebaier an de Gemengen ze mobiliséieren. Hien ënnersträicht, datt beim Bau vu Strukturen ze vill Zäit géif verluer goen, well an deem Fall nach Geneemegungsprozedure misste gemaach ginn.
Privatleit encouragéiere fir Wunnengen zur Verfügung ze stellen
Deemno missten d'Gemenge sech méi mat hiren Awunner ausernee setzen. Et misst een d'Privatleit encouragéieren, hir Wunnengen, déi eidel stinn, zur Verfügung ze stellen. Anescht géif een aus dem Dilemma net eraus kommen, well och wann d'Gemenge bereet wieren, méi Strukturen ze bauen, wier dat een ze laange Prozess fir den akute Problem kuerzfristeg ze léisen.
Ausserdeem géife vill Gemenge mol net wëssen, wou a wéi vill Wunnengen eidel stinn, well et nach keen obligatoresche Register vun de Gebaier gëtt, erkläert den Emile Eicher.