Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nea Lone - What Does It Take?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingsrot kritiséiert Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg

Migratioun

Flüchtlingsrot kritiséiert Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg

D'Konditiounen ënner deene Flüchtlingen an der Structure d'hébergement d'urgence um Kierchbierg, SHUK ënnerbruecht sinn, wieren onwierdeg. Dat seet Nonna Sehovic vun der CARITAS am Numm vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Am SHUK gi Refugiéen ënnerbruecht, déi schonn an engem aneren EU-Staat eng Demande op Asyl gemaach hunn an dohinner zeréckgeschéckt solle ginn, déi sougenannten Dubliners.

auto_stories

1 min

Fir op d'Mëssstänn an der SHUK opmierksam ze maachen, stoung de leschten Donneschdeg en Zelt op der Place Clairefontaine. En Zelt, wéi een et och an der SHUK um Kierchbierg virfënnt.

Et ass e grousst wäisst Zelt. Steril an ouni Fënsteren. An der Struktur um Kierchbierg stinn zwielef Better. Exklusiv fir Jonggesellen. Dat selwecht Zelt op der Place Clairefontaine ass mat Mënsche gefëllt, déi op d'Situatioun an der SHUK opmierksam maache wëllen. D'Nonna Sehovic ass eng vun hinnen. Si ass Responsabel vum Accueil Social vun der CARITAS a Member am Lëtzebuerger Flüchtlingsrot LFR a kritiséiert den Ëmgang mat de Mënschen an der SHUK. Zanter Abrëll 2017 existéiert d'SHUK, déi extra fir Persounen ageriicht gouf, déi schonn an engem aneren EU-Staat eng Demande op Asyl gestallt hunn an domat ënner dat sougenanntent Dublin-Ofkomme falen, sou d'Nonna Sehovic.