Am November huet den ORK, den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, säi Joresrapport publizéiert. An deem geet et och ëm d'Situatioun vu Flüchtlingskanner zu Lëtzebuerg.
Fir vill Famillen, déi no traumateschen Erliefnesser mat hire Kanner zu Lëtzebuerg ukommen, géif d'Lag schwiereg bleiwen. D'Liewenskonditioune vu ville Refugiéë wiere vu groussen Ongewëssheete a finanzieller Precaritéit gepräägt.
"D'Kanner sinn duebel ofhängeg"
D'Kanner erliewen dës Situatioun awer meeschtens nach méi uerg wéi hir Elteren, sou de René Schlechter, Ombudsmann fir d'Rechter vum Kand. Hir Eltere géifen an der totaler Ofhängegkeet vun den Autoritéite liewen.
D'Kanner selwer wieren duebel ofhängeg: Vun den Elteren a vun den Autoritéiten. Datt d'Elteren hir Kanner nëmmen ageschränkt kéinte beschützen, wier fir d'Kanner schwéier ze verstoen. D'Liewenssituatioun an engem Flüchtlingsfoyer wier net "genial". Meeschtens muss eng Famill an engem eenzege Raum liewen, ouni Réckzuchsméiglechkeete fir eenzel Familljememberen. Dat wier virun allem bei Kanner problematesch, well déi hir Rou bräichten, fir hir Hausaufgaben ze maachen. Esou Situatioune géifen dacks iwwer Joren undaueren.
"Mir waren a Foyeren, do wunnen eenzel Elterendeeler mat Kanner op sechs Quadratmeter. Dat ass eigentlech net tragbar."
Lëtzebuerg net gutt fir Urgencen opgestallt
Wéi ass et da méiglech, datt esou ee räicht Land wéi Lëtzebuerg keng besser Léisunge fënnt, fir dës Mëssstänn opzehiewen? Dofir mécht de René Schlechter verschidde Facteure verantwortlech. Engersäits géifen d'Zuele vun de Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, variéieren. Lëtzebuerg wier net dorop agestallt, fir vill Leit op ee Coup opzehuelen.
Dës Feststellung hätt sech an de leschte Joren ëmmer erëm confirméiert. Et wieren nämlech ëmmer nees Raimlechkeete benotzt ginn, déi net ideal sinn. Lëtzebuerg wier an der Urgence, mä et misst awer dru geschafft ginn, fir déi Konditiounen ze verbesseren.
Et wier eng absolutt Noutwendegkeet, datt déi Foyeren, déi a verschiddene Gemenge geplangt wären, och opgeriicht ginn, seet de René Schlechter.
De Staat an der Verantwortung
Wann Eltere falsch Donnéeën uginn oder sech strofbar maachen, kéint d'Ufro op Protection internationale keng Suite fannen. D'Eltere kéinte mat de Kanner ausgewise ginn. Rechtlech gesinn hu Kanner keng Méiglechkeet, dës Expulsioun z'ëmgoen. Och wa si sech hei zu Lëtzebuerg integréiert sinn a schonn e puer Joer hei an d'Schoul gaange sinn, sou de René Schlechter.
"Ech wier frou, wann d' Kanner méi als Kanner géifen ugesi ginn. An net als Persounen, déi an enger bestëmmter Prozedur dra sinn."
Bei ville vu sengen Dossiere géif erauskommen, datt et u Gespréichsbereetschaft bei de Flüchtlinge géif feelen. Heiansdo géif et awer och op der Säit vun den Autoritéiten un Erklärunge feelen. Zum Beispill, wann eng Famill relogéiert misst ginn. Hie géif verstoen, datt verschidde Leit sech heiansdo als reng "Manövermass" géife spieren. "Ech soen net, datt dat esou intendéiert gëtt, mä et gëtt sou vun de Leit erlieft", sou de René Schlechter.
Et wier och scho virkomm, datt eng Famill zréckgeschéckt gi wier, ouni datt een erkannt hätt, datt dat fir d'Kanner eng absolut destruktiv Mesure wier.
Hie géif sech wënschen, datt den Intérêt supérieur vum Kand ëmmer déi éischt Prioritéit wier. Senger Meenung no hätt de Lëtzebuerger Staat een Deel vun der Verantwortung fir déi Kanner ze droen. Grondsätzlech wier et dem Staat seng Aufgab dofir ze suergen, datt et de Kanner gutt geet, datt si sech kënnen entwéckelen an datt si kënnen an d'Schoul goen.
Vill méi Mineurs non accompagnés
Nieft Kanner, déi mat hirer Famill hei zu Lëtzebuerg ukommen, géifen awer och vill Kanner ganz eleng de Wee op Lëtzebuerg fannen. D'lescht Joer wieren där vill méi ukomm wéi an de Jore virdrun, seet de René Schlechter.
"Soss hate mir eng zéng, zwanzeg Mineurs non accompagnés, an elo hate mir der am Joer iwwer 100."
Opgrond vun enger europäescher Direktiv wiere Foyeren ageriicht ginn, déi nom System vun der Protection de la Jeunesse géife fonctionnéieren. Dës Jugendlech wiere gutt encadréiert, well Dag an Nuecht Educateure present wieren. Bei méi ale Mineurs non accompagnés géif d'Saach anescht ausgesinn, seet de René Schlechter. Si wieren dacks a méi grousse Foyeren ënnerbruecht, an do géif et dacks un Encadrement feelen.
Et dierft een awer net alles schwaarz molen. Deene meeschte Jugendleche géif et zu Lëtzebuerg gutt goen, an hir Betreiung wier plazeweis virbildlech. E Beispill wier de Foyer vun der Croix-Rouge zu Stroossen, dee Jugendlecher aus ville verschiddene Länner probéiert eng nei Heemecht ze bidden, seet de Jang Krier, Educateur an der Villa Nia Domo. Am Foyer géife Jugendlecher aus verschiddene Länner, mat verschiddene Reliounen beienee kommen. Nieft Refugiéen, déi mat engem minimale Besëtz op Lëtzebuerg kommen, géif een och Jugendlecher ophuelen, déi näischt anescht matbréngen, wéi hiren emotionale Bagage.
Gelieften Integratioun duerch Participatioun an der Gesellschaft
D'Equipe an der Villa Nia Domo zu Stroossen proposéiert de Jugendleche vill verschidden Aktivitéiten. Et géif een zesumme mat de Jonken diskutéieren an duerno entscheeden, wat ee géif zesumme maachen. Vill méi wichteg wéi d'Aktivitéiten am Haus, wier d'Integratioun an e Sozialnetzwierk, baussent dem Foyer. Et géif ee probéieren, fir Jugendlecher a Sportsveräiner oder ähnleche Strukturen z'integréieren. Generell géing et drëm goen, hinnen ze hëllefen, fir datt si eegestänneg hiren Alldag kéinte strukturéieren an hinne bäizebréngen, datt si hir Verantwortung droen an artikuléiere kéinten, seet de Jang Krier.
Et wier een eng dynamesch Equipe, d'Stëmmung wier gutt an et géing ee probéieren, ëmmer fair an transparent ze kommunizéieren. D'Participatioun un der Gesellschaft, also d'Integratioun vun de Jugendlechen op lokalem Niveau wier ee vun de wichtegste Punkten an der Begleedung vun de jonke Flüchtlingen a vu Flüchtlingsfamillen am Allgemengen.
An deene meeschte Fäll géif et de Professionellen um Terrain geléngen, d'Refugiéen op de Wee vun der Integratioun ze bréngen. Ouni d'Hëllef an dem groussen Engagement vu Gemengen, Schoulen a Jugendhaiser, an net zulescht och vun der Zivilgesellschaft, géif d'Situatioun vun de Flüchtlingskanner a -Jugendlechen awer eng ganz delikat bleiwen.