Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingen zu Bäerdref: "Mir mierke se bal net"

Gemengewalen

Flüchtlingen zu Bäerdref: "Mir mierke se bal net"

D'Auslänner- an Integratiounskommissioun vu senger Gemeng géif net genuch fir Flüchtlinge maachen, seet de Buergermeeschter vu Bäerdref. Eng 150 Mënsche sinn am Flüchtlingsheem an der Weilerbaach ënnerbruecht. De vereelzte Site gëtt aktuell renovéiert.

auto_stories

2 min

Ernest Walerius

Zënter den OLAI den Zenter fir Flüchtlingen an der Weilerbaach geréiert, hätt d'Gemeng Bäerdref net méi vill mat hinnen ze dinn, seet de Buergermeeschter Ernest Walerius. Eng 150-170 Refugiéen, dorënner 60 Kanner, wieren aktuell an der Weilerbaach deels a Containeren ënner Dag, well dat vereelzt Gebai renovéiert gëtt. Fir de Kleesche géing een de Kanner eng "Tiitchen" bréngen.

Kritik un der Auslänner- an Integratiounskommissioun

"Mir mierke se bal net". Et géing bal kee Kontakt ginn tëscht de Flüchtlingen an deenen aneren Awunner vun der Gemeng. Den Ernest Walerius kritiséiert d'Integratiounskommissioun a senger Gemeng. Déi Leit, déi sech dra gemellt hätten, wieren dacks net do. "Et ass net wéi et soll sinn. Mee et ass eben esou."

Déi Kommissioun hätt déi lescht Jore schlecht funktionéiert an et wier net vill fir d'Integratioun vun de Flüchtlingen an der Gemeng gemaach ginn. Och tëscht de Gemenge géif et kéng Solidaritéit ginn, wann et drëm geet Flüchtlingen op ze huelen, sou de Vize-President vum Gemengesyndikat Syvikol.

D'LSAP spillt keng Roll am Osten

Den Oste vum Land konservativ gepräägt, seet den deklaréierte Sozialist. Et wier bekannt, datt d'LSAP net vill Succès an der Regioun hätt. Den Ernest Walerius geet net méi mat an d'Wahlen. Hien hätt ënnert de Sozialisten och kee fonnt, dee fir d'Gemengewahlen zu Bäerdref seng Successioun kéint iwwerhuelen.

Duerch d'Reform vun de Gemengefinanze kritt Bäerdref eng Millioun Euro méi vum Staat wéi virdrun: 2.400 Euro pro Awunner gi verrechent. Och d'Refugiéen an der Gemeng ginn dobäi gezielt.

De Camping boomt

Den Tourismus am Mëllerdall wier réckleefeg. Eng 10 Hotellen hätten eleng zu Bäerdref zanter den 80er Jore zougemaach. Dat hätt ënner anerem domadder ze dinn, datt d'Kanner vun de Proprietairë keen Interessi um Betrib haten. Doduerch wier och den Tourismus zréckgaangen. De Gemengecamping wier awer e grousse Succès, zënter dran investéiert gi wier. Do kéint een net kloen. Dat hätt och mam Erfolleg vum Mëllerdalltrail ze dinn.