Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flucht aus der Ukrain: Plaz dringend gesicht

Russland-Krich

Flucht aus der Ukrain: Plaz dringend gesicht

Dem leschte Rapport vun der UNO no si bis ewell eng 600.000 Ukrainer op der Flucht virum Krich, an d'Zuel geet weider an d'Luucht. Ongeféier d'Hallschent ass am Nopeschland Polen ënnerkomm. Wéi vill Flüchtlingen hei op Lëtzebuerg wäerte kommen, wier de Moment schwéier ofzeschätzen, heescht et aus dem Ausseministère. Mee éischt Famille si schonn ukomm an d'Preparatioune lafen op Héichtouren, virop d'Sich no Plaze fir ze liewen.

auto_stories

3 min

Vill Plaz ass net: ronn 4.200 Better ginn et an de Lëtzebuerg Strukture fir de sougenannte Primoaccueil. De leschten 31. Dezember waren dovun netto ronn 94 Prozent beluecht. D'Rout Kräiz ass nieft dem Staat ee vun de groussen Acteuren am Beräich vum Accueil.

Déi Responsabel Nadine Conrardy mécht wéinst dem aktuelle Plazmangel een Appell, datt Leit, déi Strukturen hunn - am beschte méi grouss Strukture wéi Halen oder Hoteller - sech beim Ausseministère oder beim ONA melle sollen, et géifen nach Plaze gesicht ginn.

Déi normal Strukture wiere schonn iwwerfëllt, "dat heescht och do si mer scho vir bäi an hanne widder". D'Rout Kräiz rechent domadder, datt nach vill Läit dobäi kommen.

Strukture fir d'Ënnerbrénge vu Flüchtlingen

De Manktem u Logement fir Demandeure vun internationalem Schutz a Refugiéë mat Statut ass net nei. Ongeféier 45 Prozent vun de Persounen, déi aktuell a sou Strukture liewen, hunn de Statut a kéinten eigentlech eraus.

Mee d'Gemengen di sech scho méi laang schwéier fir entspriechende Wunnraum unzebidden. Ganz aktuell an der Ukrain-Kris deet sech awer eppes, heescht et vum Syvicol-President Emile Eicher.

Beispillsweis hätt den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf drun erënnert, datt de Lycée agricole aktuell eidel géif stoen. Weider misst de Staat kucke wat fir ëffentlech Gebaier aktuell net benotzt géife ginn.

Gëschter huet de Syvicol een Opruff un d'Gemenge gemaach fir Liewensraim ze mellen. Och Hoteller, déi eidel stinn, si schonn op der Lëscht.

D'Hëllefsbereetschaft ass grouss

D'Solidaritéit wier immens grouss, seet den Emile Eicher. Hie gesäit eng aner Ouverture wéi nach 2015 am Kader vum Syrie-Krich.

"Dat ass een aner Kulturkrees, deen eis vläicht méi no steet. Ech menge wat eis awer och wichteg ass, dat ass de Message vun der Regierung, mir huelen déi Leit ouni gréisser Prozeduren."

Fir d'Nadine Conrady vun der Croix Rouge gëtt et keen Ënnerscheed zu 2015. Deemools, wéi elo, wier d'Hëllefsbereetschaft grouss.

Si réit awer den Ament dovun of, ukrainesch Primoarrivante privat ënnerzebréngen: et wieren aktuell nach vill Froen ze klären: "Zum Beispill iwwer de Statut, do muss op europäeschem Niveau gekläert ginn ob se eventuell eng temporär Protektioun kréien:"

Wa Leit, déi virum Krich an der Ukrain flüchten elo privat géifen ënnerbruecht ginn, wier et schwéier de Suivi ze maachen an hinnen déi néideg Informatioune mat op de Wee ze ginn, mengt d'Nadine Conrady.

Éischt Famillje si schonn zu Lëtzebuerg ukomm

Sachspende wäerten op laang oder kuerz Dauer och gebraucht ginn, nach ass et schwéier genee ofzeschätzen, wat a wéi vill. D'Nadine Conrardy nennt de Centre de tri, deen d'Rout Kräiz an d'Caritas zu Léiweng bedreiwen, als Ulafstell fir Donen.

Éischt Familljen aus der Ukrain si schonn hei am Land ukomm. Wéi vill a wéini der nokommen ass onkloer. D'Croix Rouge ass en attendant och op der Plaz aktiv an d'Organisatioun këmmert sech och hei am Land drëm gespléckte Famillen erëm zesummenzeféieren:

"Och zum Beispill Kanner, mir hu schonn héiere vu Situatiounen, wou Kanner mat anere Famille fortgeschéckt goufen, well de Papp vläicht huet missten do bleiwen an d'Mamm net an der Géigend war. Do wäert et also net nëmmen ëm Pappe goen, mee och ëm Kanner, déi eventuell eleng ënnerwee sinn."

Och dat wäert mëttelfristeg een Theema ginn, sou d'Nadine Conrardy, genausou wéi d'Scolariséiere vun de Kanner, déi hei ukommen, déi séier wäert mussen organiséiert ginn.