De Congé de maternité ass den Ament zu Lëtzebuerg kloer gereegelt: zwee Méint virun der Gebuert, dräi Méint no der Gebuert. Et kéint ee sech bei dësem Congé awer och e méi flexibele System virstellen, esou d'Familljeministerin:
"[...] Ech si jo net krank, ech kann och schaffe goe bis datt ech accouchéieren. An da wëll ech awer vun de fënnef Méint duerno profitéieren, no der Gebuert, an net schonn zwee Méint virdrun huelen. Ech mengen och do musse mir einfach bësse méi flexibel ginn, soen ech elo mol als Fra."
Bis zu zwee Méint méi laang Zäit mam Kand ze verbréngen, dat géif der Bindung an dem Nieren zegutt kommen, esou d'Corinne Cahen. Gläichzäiteg gouf awer och kloer gestallt, datt de Choix, wéi laang eng Fra virun der Gebuert géif schaffe goen, ëmmer hiren eegene misst sinn.
Initiativ Liewensufank ass skeptesch
Genee an dësem Choix gesäit d'Monique Fey-Sünnen vun der Initiativ Liewensufank e méigleche Problem.
Si erkläert, datt Frae kéinten en Drock vu bausse verspieren, datt si nach méi laang misste schaffe goe wann et hinne gutt geet. Dat trotzdeem, wa si vläicht selwer spieren, datt et de Moment wier fir opzehale mat schaffen. D'Michelle Fey-Sünnen gesäit den aktuelle Congé de maternité als Schutz, deen dësen Drock vun de Fraen ewechhëlt, a si fënnt, datt een dëse Schutz einfach sollt loossen.
Et géif jo näischt dogéint schwätzen de Congé de Maternité ze verlängeren, ouni de Schutz vun den aacht Woche virun der Gebuert ewech ze huelen, esou nach d'Monique Fey-Sünnen.
Et soll een net verallgemengeren
Obwuel de Virschlag vun der Familljeministerin sécherlech gutt gemengt wier, kéint een net verallgemengeren, seet d'Monique Fey-Sünnen. All Schwangerschaft wier ganz individuell:
"Et sinn och einfach Fraen, déi villäicht nach keng Kanner virdrun haten oder esou. Déi net ëmmer d'Zeeche vum Kierper villäicht esou aschätze kënnen, an déi am Nachhinein mierken, datt si do awer vläicht eng gewëss Middegkeet, oder e gewësse Stress accumuléiert hunn, an dat villäicht ze spéit eréischt spieren."
Wat eng méiglech Verlängerung vum Congé parental vu sechs op néng Méint ugeet, déi am Debat public eigentlech zur Diskussioun stoung, esou wier dat sécher eng gutt Saach - fir d'Kanner grad ewéi fir d'Elteren. Et wier dann un der Politik ze kucken, ob dat méiglech an ëmsetzbar wier, esou nach d'Presidentin vun der Initiativ Liewensufank.