Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flexibel Bildschiermer a 5G

Mobile World Congress zu Barcelona

Flexibel Bildschiermer a 5G

Déi gréisste Foire fir mobil Kommunikatioun op der Welt huet dës Woch zu Barcelona hir Dieren opgemaacht. Ronn 100.000 Visiteure konnte sech um Mobile World Congress bei iwwer 2.000 Exposanten e Bild vun den neisten Entwécklungen an de mobillen Technologië maachen.

auto_stories

2 min

Beim Mobile World Congress zu Barcelona goung et dëst Joer ëm "intelligent connectivity". D'Mobilfunkindustrie huet sech dobäi virun allem op 5G zentréiert, déi neiste Generatioun vum Mobilfunk, déi méi Vitess, Flexibilitéit, Zouverlässegkeet a manner Käschte versprécht.

Wéi ee System mat 5G an Zukunft kéint ausgesinn, konnt een ënner anerem bei enger Demo vun der Lëtzebuerger Firma SES gesinn. Den neie Standard géif zum Beispill 4K-Streaming um Handy erméiglechen, erkläert den Antonio Bove vun SES.

Sécherheet bei 5G e grousst Thema

Méiglech Sécherheetsbedenken, datt China eventuell déi nei Reseaue fir Spionage ausnotze kéint, goufe vum Virsëtzende vun Huawei, dem Guo Ping, op enger Keynote en Dënschdeg zeréckgewisen. Huawei géif verstoen, datt Innovatioun ouni Sécherheet näischt wäert ass.

D'SES géif sech mat un der Entwécklung vu 5G-Sécherheetsstandarde bedeelegen. Et wier een zu Lëtzebuerg och Deel vun der 5G Infrastrukturgrupp. Bis 5G d'Normalitéit wier, géif nach Zäit vergoen, sou den Antonio Bove.

E Kongress am permanente Wandel

Nieft der SES ware mat Mundo Media, Sisvel an Tomia dräi weider Firme mat Büroen zu Lëtzebuerg op der Foire. Ee Representant vun Tomia huet dobäi ënnerstrach, wéi breet gefächert de Mobile World Congress mëttlerweil ass. Joer fir Joer géif sech d'Natur vum Kongress veränneren an domat d'Changementer an der Industrie a vun den Technologien erëmspigelen.

Eng Firma, déi traditionell net zu Barcelona present ass, ass Apple. All déi aner grouss Smartphoneproduzenten notzen d'Woch zu Barcelona fir hir neiste Produiten unzekënnegen.

Mee egal op een den Handy kann diebelen oder ob e fënnef Kameraen huet, déi grouss Handyproduzenten hunn alleguer 5G-Funktionalitéit annoncéiert.

A wéi wäit d'Clienten dorop kënnen a wëllen zeréckgräifen, muss sech d'Joer iwwer erausstellen. D'Mobilfunkindustrie gëtt sech op alle Fall erëm Rendez-vous zu Barcelona am Februar 2020.