Radioen

On air

Simon Says  |  Guts - Peaceful Life Feat. Lorine Chia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fleegepersonal: Belkir Belhaddad fuerdertEfforte vu Lëtzebuerg

Grenzregioun

Fleegepersonal: Belkir Belhaddad fuerdertEfforte vu Lëtzebuerg

Et ass mat Sécherheet keng Neiegkeet, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem net ouni Fleegepersonal aus dem Ausland funktionéiert. Fir ze verhënneren, datt et dowéinst zu engem oppene Konflikt mat den Nopeschlänner kënnt, betounen d'Lëtzebuerger Spideeler zwar zanter e puer Méint, si géifen net méi aktiv probéiere fir Fleegepersonal aus dem Ausland ofzewerben. An awer suergt d'Situatioun weider fir Tensiounen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Herraez

Déi sanitär Kris hätt de Problem weider verschäerft, mengt de Belkir Belhaddad, e franséischen Deputéierten vu Metz, dee fir d'Majoritéits-Fraktioun vu La République en Marche zu Paräis an der Assemblée nationale setzt:

"Cette crise sanitaire à mis en exergue les difficulté de recrutement des soignants, des personels médicaux, en Lorraine, qui existait déjà depuis un certain temps."

Zesumme Léisunge sichen

D'Lokalzeitung Républicain Lorrain hat virun dräi Woche geschriwwen, datt ronn een Drëttel vun den Infirmieren a Soignanten, déi zu Metz, Diddenuewen, a Briey ausgebilt ginn, géifen op Lëtzebuerg schaffe kommen esou bal se hiren Diplom hunn.

De Belkir Belhaddad seet, dësen Trend géif d'Spideeler a senger Regioun ëmmer méi un hir Grenze bréngen. An der Lorraine gëtt et d'Angscht, datt d'Besoin un Infirmieren an Aide-Soignanten deemnächst nach weider kéint zouhuelen, sou zum Beispill am Fall vun der neier Klinik, déi nieft Esch soll kommen.

Fir ze verhënneren, datt d'Gesondheetsversuergung an der Regioun iergendwann zesumme brécht, fuerdert den Deputéierten vu La République en Marche dofir, datt Politiker vu béide Säite vun der Grenz zesumme no Léisunge sichen:

"Je crois véritablement que la seule manière d'y arriver, c'est qu'on puisse mettre en place des projets construits, partagés, financés ensemble entre le Luxembourg et la France."

De Belkir Belhaddad kann sech esou gemeinsam Projeten zum Beispill am Beräich vun der Ausbildung an engem franséisch-lëtzebuergeschen Campus virstellen.

Progrès a punkto Mobilitéit

De franséische Deputéierten weist sech optimistesch, datt och d'Lëtzebuerger Regierung bereet ass mat op dëse Wee ze goen - obwuel déi grenziwwergräifend Zesummenaarbecht bei finanzielle Froen mol un hir Grenze stéisst:

"Lorsqu'il s'agit de prendre en charge la question de la dépendence, ou le chômage au bout de trois mois, c'est le Gouvernement français qui les prend en charge. Donc, voilà, on est devant des anomalies."

Am Beräich vun der Mobilitéit wiere rezent awer Progrèsen gemaach ginn, zum Beispill fir Park&Riden zu Thionville gemeinsam ze finanzéieren. De Belkir Belhaddad seet op dës Beispiller misst elo an der Diskussioun ronderëm d'Fleegepersonal opgebaut ginn. Un eppes huet den Deputéierten jiddefalls keen Zweiwel: "Nous parlerons d'une seule et même voix du côté français."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.