"Vooruit", dat ass den Numm vun der éischter flämescher Aarbechterkooperativ, déi 1891 vum Edouard Anseele zu Gand gegrënnt gouf, eng Stad déi joerzéngtelaang eng Héichbuerg vum flämesche Sozialismus war. Et war den Numm vun enger Zeitung, an esou heescht och haut nach e Kulturzentrum, dee bis iwwer d'Grenzen ewech bekannt ass. Hei ass den neien Numm vun der Partei guer net gutt ukomm.
No wochelaange Verhandlungen huet d'Institutioun resignéiert a plangt hirersäits och den Numm ze änneren. Dës Woch gouf bekannt, datt d'Partei dem Kulturzentrum quasi 100.000€ versprach huet, fir en Deel vum Rebranding ze finanzéieren. En Accord deen de Vooruit ugeholl huet, well et ass net sécher, datt si viru Geriicht gewonnen hätten.
Deel vun enger Strategie
Sp.a, fir Socialistische Partij Anders, sou huet d'Partei zanter 2000 geheescht. Déi éischte Jore si gutt gelaf fir déi sozialistesch Formatioun, mat Personalitéite wéi Johan Vande Lanotte oder Franck Vandenbroucke, deen haut Gesondheetsminister ass. An de Joren drop ass et awer biergof gaangen: vun iwwer 25 Prozent vun de Stëmmen a Flanderen ass de sp.a op manner wéi 10 Prozent bei de Wale vun 2019 gefall, an huet eng Rei wichteg Stied verluer, wéi Antwerpen, Gand, Hasselt, Bruges an Ostende.
Den Numm änneren, dat ass en Deel vun der Strategie, mat där de jonke President Conner Rousseau wëllt seng Partei reforméieren: eng Verännerung an der Kontinuitéit. Fundamental Valeure vum Sozialismus wéi d'Solidaritéit solle bäibehalen a verstäerkt ginn. An de Choix huet hien eigentlech net: an de leschte Joren huet déi gréng Partei dem sp.a massiv Stëmmen ewechgeholl, a méi rezent ass och d'Influenz vum kommunistesche PTB ze spieren, dem Parti du travail de Belgique, deen esouguer a Flandere méi Sympathisante fënnt.
D'Partei deplacéiert och säi Siège, symbolesch ënner dem selwechten Daach wéi de francophone Parti Socialiste.
20 Joer nodeems den sp.a de gemeinsame Siège mat dem Parti Socialiste um Boulevard de l'Empereur zu Bréissel verlooss hat, sinn si erëm zréck. Engersäits waren hir Büroe bei der Grand-Place vill ze deier. Anerersäits ass et och en ideologesche Choix, déi Belsch Sozialistesch Parteie wéinstens symbolesch méi no ze bréngen, fir gemeinsam Konkurrenten ze klappen, virun allem un déi Gréng an d'Kommunisten.