Et wier een op dee Verbuet virbereet gewiescht, heescht et vum Georges Eischen, President vun der Federatioun vun der Alimentatioun an Distributioun - kuerz FLAD. Ënner anerem gouf et Workshops zesumme mam Ëmweltministère, fir datt déi kleng a grouss Liewensmëttelbuttéker sech op dat neit Gesetz astëmme kënnen. Hie gesäit de Problem éischter doran, datt d'Fournisseuren aus dem Ausland bis elo net op déi nei Lëtzebuerger Bestëmmungen agestallt ginn.
"Do wäerten och verschidden Artikelen dann hei ukommen. Den Emballage initiale an dem se hei ukomm si wäert ewech gehäit ginn. Dann gëtt e neien Emballage kreéiert deen der Gesetzgebung entsprécht."
FLAD: Plastik huet och Virdeeler
Den Opwand dofir ass grouss: Entweder d'Supermarchéë géife sech selwer dorëms këmmeren, d'Produiten aus den Originalverpakungen ze huelen, oder ginn déi Tâche un en aneren Déngschtleeschter, sou de President vun der FLAD. Egal wéi, géif dat de Präis erop drécken, warnt de Georges Eischen.
D'FLAD wier och net mat der Lëscht vun Uebst a Geméiszorten zefridden, déi net a Plastik Verpackunge verkaaft dierfe ginn. De Plastik hätt och Virdeeler, zum Beispill géif e Produite méi laang frësch halen. Ouni Plastik géife verschidde Produite méi séier schlecht ginn an d'Leit géife se méi séier ewechgeheien.
Fir de Georges Eischen hätt méi misse berécksiichtegt ginn, wei séier d'Uebst oder Geméiszort verfault an deementspriechend festgeluecht gëtt, ob eng Verpackung am Plastik net awer besser fir de Produit wier.