Radioen

On air

9 bis 1  |  Francis Of Delirium - Who You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fitnesscoach: Een net-gereegelte Beruff

Beruffswelt

Fitnesscoach: Een net-gereegelte Beruff

De Beruff vum Fitnesscoach ass zu Lëtzebuerg weiderhin net gereegelt. Dat äntwert de Sportsministère op eis Nofro hin. Den zoustännege Ministère hat 2019 an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ugekënnegt, d'Beruffsbild an d'Formatioun vum Fitnesscoach wëllen ze klären. Bis ewell muss ee Fitness-Trainer nämlech weder een Diplom, nach eng Assurance hunn, fir seng Aktivitéit am Grand-Duché auszeüben.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dat eenzegt, wat ee selbststännege Fitnesscoach muss hunn, ass eng autorisatioun d'etablissement an eng TVA Nummer, wéi d'Marie Langa, Juristin am House of Entrepreneurship erkläert. Fir seng Coursë kënnen an engem Fitness unzebidden, ënnerschreift de Coach gewéinlech ee sougenannte contrat de collaboratioun mat engem Fitnesszenter. Hei gëllt et op e puer Saachen opzepassen, warnt Marie Langa.

"Donc c'est une entreprise, la salle de sport, qui est client, et qui va demander une prestation de services au coach. Et ce qui est compliqué dans ces rapports-là, c'est que le droit ne règlemente pas ce type de contrat spécifiquement. Donc c'est le droit commun des contrats qui s'applique, mais, par exemple, on ne va pas fixer d'obligations sur ce que doit contenir le contrat, et surtout il n'y aura pas de protection pour l'une ou l'autre partie."

Ier een eppes ënnerschreift oder sech als Fitnesscoach lancéiert, sollt ee sech am Virfeld informéieren, zum Beispill am House of Entrepreneurship, recommandéiert d'Juristin.

Kontrakt refuséiert - Keng Coursë méi

Eng Ulafstell, déi d'Jessica net kannt huet. Déi selbstänneg Fitnesscoach huet bis elo Coursen an enger bekannter Fitness-Chaîne gehalen, bis si een neie Kontrakt ënnerschreiwe sollt, mat deem si net averstane war.

"Do steet eng Clause de non-concurrence. Dat heescht, wann ech ophale mat hinnen, wärend engem Joer däerf ech a verschiddene Regiounen net als Coach schaffen. Ech däerf net bei d'Konkurrenz goen. Ech ka keng Entreprise opmaachen, och an hirer Regioun. Also et kann een am Fong bal näischt méi maachen."

Wéi si net ënnerschreiwe wollt, hätt si vun engem Dag op deen anere keng Coursë méi dierfen do halen a wier vun der Entreprise menacéiert ginn, seet d'Jessica. Si kritiséiert, datt et kee Kader fir Fitnesscoache gëtt an och keng Kontrollen. Jidderee kéint sech Fitnesscoach nennen.

De Sportminister Georges Engel, dee bei de Chamberwale vum 8. Oktober nees am Süde kandidéiert, gëtt zou, datt dat net ganz glécklech ass.

"Ech mengen och, datt een do muss kucken, datt een dat besser encadréiert, an datt een do och eng Sécherheet gëtt, datt wann d'Leit sech bei ee Fitnesscoach an d'Hänn ginn, datt se dann och sécher sinn, datt se qualitativ gutt vun engem och beroden an encadréiert ginn."

Hëllefe soll dobäi ënnert anerem eng eege Filière fir Fitnesscoachen am neien Institut national de l'activité physique et des sports.