Den Ament mécht Frankräich keng Kontrollen op der Grenz. Wann dat awer géif geschéien, wier et ëmsou méi wichteg, datt een déi néideg Certificaten dobäi huet, esou de Julien Dauer. Hien ass Responsabele vum Service juridique vun der Associatioun Frontaliers Grand-Est. Wa Leit zu méi an engem Auto fueren, misst jiddwereen en Attest vum Employeur dobäi hunn, esou seng Prezisioun.
Eng Fro vun der Sozialversécherung
Fir franséisch Frontalieren, déi elo vun doheem aus schaffen, stelle sech Froe vun der Fiskalitéit. Wa Frontaliere méi wéi 25 Prozent vum Joer am Télétravail sinn, misste si u sech eng franséisch Sozialversécherung hunn, déi an der Reegel méi héich ass, wéi zu Lëtzebuerg.
De Julien Dauer hätt d'Informatioun vum franséische Ministère de la santé et de la solidarité kritt, datt si am Fall vum Covid-19 eng Ausnam maache sollten, an datt d'Employéeën an Employeuren net géife froen, déi franséisch Sozialversécherung ze bezuelen.
Wie kritt d'Steieren?
En Accord tëschent Frankräich a Lëtzebuerg gesäit och vir, datt bis zu 29 Deeg am Télétravail kënne geschafft ginn, an awer all d'Stéieren zu Lëtzebuerg bezuelt ginn. Et ginn den Ament awer Verhandlungen um politeschen Niveau, fir dëst méi flexibel ze gestalten.
De Julien Dauer hätt nach näischt vun offizieller Säit héieren, betount awer, datt et och elo net verbueden ass, méi laang am Télétravail ze schaffen. Et kéint héchstens sinn, datt Frontalieren dann en Deel vun hirem Revenue a Frankräich musse versteieren.