Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat Bauer ginn?

Nowuess an der Landwirtschaft

Firwat Bauer ginn?

Wien e Bauerebetrib féiert, muss mat ville Risiken ëmgoen. Wie wëllt mathalen, brauch Land a modern Infrastrukturen a muss investéieren. Präisschwankungen op de Weltmäert reduzéieren d'Planungssécherheet. E Generatiounswiessel ass néideg: Europawäit läit den Duerchschnëttsalter bei de Bauere bei 60 Joer. Et diskutéieren den Agrarminister Fernand Etgen an de Jeff Schroeder vun der Bauerejugend.

auto_stories

3 min

Et gëtt u sech kee Problem vu Nowuess bei de Baueren zu Lëtzebuerg, soen de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an de Jeff Schroeder vun der Bauerejugend, dem Service Jeunesse vun der Bauerenzentral. An deenen dräi leschte Joer hu sech 37 Jongbaueren zu Lëtzebuerg installéiert.

D'Flächen, déi d'Mëllech-Produzente bewirtschafte ginn iwwerdeems ëmmer méi grouss. Am Duerchschnëtt waren et 2015 honnert Hektar pro Betrib, dat si ronn 20 Hektar pro Betrib méi wéi nach zéng Joer virdrun.

Deiere Buedem

Et gëtt e grousse Problem fir landwirtschaftlech Flächen ze kafen. Den Drock um Maart kréie besonnesch jonk Baueren ze spieren. De Präis vun engem Hektar Akerland ass zënter 2003 vu 17.000 op 28.000 Euro geklommen. D'Bauere kënnen do net mathalen, soss ass de Betrib net méi rentabel, sou de Jeff Schroeder. Zwee Drëttel vun de Flächen, déi d'Baueren haut bewirtschafte sinn dowéinst gepacht, also gelount.

Neit Pachtgesetz an Naturschutzgesetz

Fir deem Drock um Buedem entgéint ze wierken huet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen eng Reform vum Pachtgesetz op den Instanzewee geschéckt. D'Reform gesäit méi laang Kënnegungskonditiounen a méi laang Pachtverträg vir.

Am Gesetzprojet iwwer den Naturschutz garantéiert de Staat an Zukunft d'Ëmsetze vun de Kompenséierungsmoossnamen, déi beim Verloscht u Biodiversitéit néideg sinn. D'Regierung hofft, datt d'Baueren doduerch manner a Konkurrenz sti mat de Promoteuren, seet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. Iwwerdeems wier am Naturschutzgesetz festgeluecht ginn, datt déi gutt landwirtschaftlech Fläche fir d'Baueren erhale bleiwen. Kompenséierungsmoossname ginn an Zukunft op staatlech Flächepolen ëmgesat, déi am Ganzen eng 7.000 Hektar ausmaachen. Am Gesetzprojet vun der viregter Regierung hätt de Staat ee Virkafsrecht op 40.000 Hektar zu deem Zweck gehat, esou de Fernand Etgen.

Forum fir zukünfteg Strategie an der Landwirtschaft

Déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik gëtt fir d'Period no 2020 reforméiert. Et soll net zu enger neier Revolutioun kommen, huet d'EU-Kommissioun am November annoncéiert. Nei ass virun allem, datt déi eenzel Staaten eng eege Strategie entwéckelen, déi d'Ziler vun der Agrarpolitik sollen erreechen. Am Mëttelpunkt stinn d'Liewensmëttelproduktioun, den Ëmwelt a Klimaschutz, oder nach Ënnerstëtzung vu jonke Baueren.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen wëllt an deenen nächste Méint ee Forum schafen, an deem all d'Acteure sollen un deem Strategiepabeier schaffen.

Manner Bürokratie

Eng vun de groussen Erausfuerderunge vun der Agrarpolitik ass d'Ofbaue vun der Bürokratie. Fir d'Tracabilitéit vun de Liewensmëttel ze garantéieren, mussen d'Baueren eng Hellewull u Formulairen ausfëllen. U sech ass dat och eng nëtzlech Aarbecht, seet de Jeff Schroeder. Hie kritiséiert awer de Fait, datt d'Baueren dacks dräi Mol déi selwecht Pabeiere mussen ausfëllen, wëll verschidde Ministère sech domat befaassen. Am digitalen Zäitalter wier dat net méi akzeptabel, sou de Jeff Schroeder.