Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat ass Flüchtling net gläich Flüchtling?

Fräie Mikro

Firwat ass Flüchtling net gläich Flüchtling?

De Krich an der Ukrain huet 2022 och zu Lëtzebuerg eng Solidaritéitswell vis-à-vis vun de Flüchtlingen aus der Regioun ausgeléist. De Staat huet fir si vill gutt Mesuren agesat, mee diskriminéiert domat déi aner Flüchtlingen, mengt d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Symbolbild. (Foto: adobe Stock / Vanja)

2022 krute ronn 5.000 Flüchtlingen aus der Ukrain eng temporär Protektioun zu Lëtzebuerg. 2023 koumen der bis elo ronn 400 dobäi. Fir dës Mass vu Mënschen adequat ze empfänken huet de Staat ee Guichet unique agesat, wou een all Informatiounen iwwer Schoul, Gesondheet, Betreiung, Aarbechtsmaart (an nach villes méi) kritt an ee sech och direkt dofir umelle kann. Eng super Saach, mee firwat ass esou ee Guichet Unique net och zougänglech fir all déi anere Refugiéen, déi op Lëtzebuerg kommen?

Wou een Iesse keeft mécht schonn een Ënnerscheed

All erwuessene Flüchtling zu Lëtzebuerg, egal wou en hierkënnt, kritt 29 Euro Täschegeld de Mount. All Flüchtlingskand kritt 15 Euro. A verschidde Foyere musse Flüchtlingen sech selwer kachen. Dofir kréien si en plus Iessensgeld vu ronn 233 Euro pro Familljemember.

Unerkannte Flüchtlingen, déi och a Flüchtlingsheemer wunnen - ëmmerhi 47 Prozent vun allen Awunner - schaffen oder kréien de Revis. Si kenne bëlleg an den Epiceries sociales akaafen. Déi aner Flüchtlinge mussen an den Epicerien op Rieder akafen, déi den Office National de l'Accueil (ONA) organiséiert. D'Wuere sinn hei awer ee gudde Strapp méi deier. D'Iessenszoulag ass knapps an d'Méiglechkeet an d'Epicerie sociale ze goen erlaabt et, sozial Kontakter ausserhalb vum Foyer ze knäppen.

Déi ukrainesch Flüchtlinge kënnen direkt vun allen Aarbechtsmesure vun der ADEM profitéieren. Tipptopp, well eng schnell Aglidderung vu Flüchtlingen op den Aarbechtsmaart wichteg a wäertvoll ass fir déi finanziell Autonomie, d'Praktizéiere vun de Sproochen, dem Opbau vu neie Kompetenzen a ganz generell fir d'Integratioun. Onverständlech awer ass, datt dës Méiglechkeet net fir all d'Flüchtlinge gëllt.

De Gaaschtfamillje méi Unerkennung ginn

De Flüchtlingen aus der Ukrain, déi eng Aarbecht fonnt hunn an net an engem Foyer liewen, erlaabt d'Regierung zanter Kuerzem, eng Openthaltsgeneemegung unzefroen, fir esou aus der Protection temporaire eraus ze kommen, déi just bis de 4. Mäerz 2024 gülteg ass. Firwat ass dës Méiglechkeet net op fir all d'Flüchtlingen, déi eng Aarbecht fonnt hunn? A firwat besteet do eng Wunnéngsklausel, datt een net an engem Flüchtlingsheem däerf logéiert sinn?

Vill ukrainesch Flüchtlinge goufen a Gaaschtfamillje gratis opgeholl a kruten esou mat Rot an Dot gehollef, wat ee grousse Virdeel fir d'Integratioun an eng onbezuelbar Hëllef duerstellt. Elo, méi ewéi ee Joer nom Ufank vum Krich, wunnen nach ëmmer ukrainesch Flüchtlingen a Gaaschtfamilljen. Duerch d'Inflatioun sinn d'Liewenskäschten immens an d'Luucht gaangen a vill Gaaschtfamillje kréien d'Enner net méi esou einfach beieneen. Firwat bitt d'Regierung hei keng finanziell Ënnerstëtzung un an dréckt esou de Gaaschtfamilljen hir Unerkennung aus?

Bei Flüchtlingen, déi net an Heemer wunnen, spuert de Staat vill Geld. Fir déi nächst véir Joer sinn eleng fir d'Iwwerwaachung vun de Foyeren am Budget 120 Milliounen Euro virgesinn. Eng enorm Zomm, déi sécher besser an d'Betreiung an an d'Integratioun vun de Flüchtlingen investéiert misst ginn.

Dee stännegen Ënnerscheed tëscht ukraineschen an anere Flüchtlingen ass Gëft fir d'Zesummeliewen an d'Integratioun. E bréngt vill Frust an ass net novollzéibar.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.