OpenLux Firmeregëster: Kontrolle kéinte verschäerft ginn
D'Justizministerin weist d'Kritik um Lëtzebuerger Firmeregëster zeréck: Lëtzebuerg géif am internationale Verglach gutt do stoen, wann et ëm d'Transparenz geet, esou d'Sam Tanson am 100,7-Interview. Si schléisst och net aus, datt d'Regierung d'Transparenz-Reegele fir Firme mat Sëtz hei am Land nach weider verschäerft.
De Résumé vum Rick Mertens lauschteren
Dës Iwwerleeunge wieren awer net direkt op d'OpenLux-Recherchë zeréckzeféieren, déi eng Rei international Medie publizéiert hunn, mee op eng intern Analys vum Firmeregëster, déi sch virdru gemaach gouf.
Ënner anerem de franséische LeMonde an de belsche LeSoir hate geeschter geschriwwen, datt just d'Hallschent vun de Firmen hei zu Lëtzebuerg géifen am Firmeregëster uginn, wiem se gehéieren. Dat läit a verschiddene Fäll drun, datt verschidde Societéiten de Regëster net ausgefëllt hätten, obwuel se dat missten.
Méi Pouvoir fir de Regëster
D'Regierung géif sech dofir iwwerleeën, ob de Regëster méi Pouvoir soll kréie fir d'Verifikatiounen a Sanktiounen. D'Firme missten an dem Fall méi séier mat Sanktioune rechnen, wann déi néideg Deklaratiounen net bannent dem virgeschriwwenen Delai gemaach goufen. Am Moment kënnen esou Prozeduren daueren, well se eben net vum Regëster selwer kenne geleet ginn, mee just vum Parquet.
Et ginn awer och Fäll, an deenen d'Entreprise guer net mussen uginn, wiem se eigentlech gehéieren: et mussen nämlech just Besëtzer deklaréiert ginn, deene méi wéi 25 Prozent vun enger Firma gehéiert.
Wann eng Firma vill verschidde Besëtzer huet, déi all méi e klengen Undeel hunn, muss dat net public gemaach ginn. D'Justizministerin verweist drop, datt dat eng europäesch Reegel wier. Wann et an der EU e Konsens géif ginn dat ze änneren, wéilt Lëtzebuerg sech sech awer net queesch stellen.