Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Firma Manuel Cardoso: Wat mussen déi betraffe Salariéen elo maachen?

Faillite vu Baufirma

Firma Manuel Cardoso: Wat mussen déi betraffe Salariéen elo maachen?

D'Baufirma Manuel Cardoso huet d'Prozedur vun der Faillite offiziell an d'Weeër geleet. Ronn 110 Persoune sinn dovunner betraff. An de nächsten Deeg soll d'Geriicht dann d'Faillite spriechen an ee Curateur nennen. Dono hunn d'Salariéeën 20 Deeg Zäit hir Creancen anzereechen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Zwou Stonne laang hunn d'Diskussioune tëschent dem Aarbechtsminister, de Gewerkschaften an dem Vertrieder vun der Firma Cardoso gedauert. Froen goufen opgeworf wéi et zu där Faillite konnt kommen. Am Mëttelpunkt stoungen déi ronn 110 Persounen vun der Firma déi elo kuerz virum Congé Collectif Bescheed gesot kruten datt de Betrib géif Faillite deklaréieren.

Pré-Inscriptioun bei der ADEM

Et ginn elo zwou verschidden Demarchen déi d'Leit mussen maachen, éier se an de Congé kënne goen,

De Mëttwoch gouf et bei der ADEM eng Informatiounssëtzung fir déi Salariéen déi hei am Land liewen. 85 Persounen haten drun Deel geholl, anerer hu sech gëschter bei der ADEM ageschriwwen. Et handelt sech ëm eng Pré-Inscriptioun, wëll d'Faillite nach net gesprach ass. Den Aarbechtsminister Georges Engel erkläert, datt d'Leit doduerch hier Creance scho kéinte geltend maachen.

Delai vun 20 Deeg fir Creancen ze mellen

Déi zweet Demarche ass déi fir déi Suen beim Curateur anzefuerderen déi se ze gutt hunn, dat heescht Léin a Primmen déi net bezuelt goufen, mee och de Preavis dee bei Faillitten net ganz ausbezuelt gëtt. An do stellt sech d'Fro vum Delai dee bei 20 Deeg läit fir d'Creance ze mellen, seet de George Engel.

"Muss elo gekuckt gi wie genannt gëtt als Curateur, geckut gi wéini datt d'Faillite genannt gëtt. An da muss ee kucken wei een déi Delaien ka sou anhalen oder villäicht och bësse strecken fir datt déi Leit och d'Méiglechkeet kréien hier Dossieren anzereechen"

Wann d'Faillite vum Geriicht bis gesprach gouf, leeft deen Delai vun den 20 Deeg fir d'Creance anzefuerderen.