Weider CISP'en sinn zu Miersch an zu Kolpech geplangt. An dat soll wéi och scho bei deene véier existenten CISP'en an enker Zesummenaarbecht tëschent de Lycéeën an den Träger aus der Jugendhëllef geschéien.
Vermëttlung vu Kompetenzen duerch verschidde Programmer
Am CISP ginn zwee verschidde Programmer ugebueden. De Programm "Relance" fir Jonker tëschent 12 a 16 Joer, dee virun Allem déi schoulesch an déi sozio-emotional Kompetenze soll stäerken, an de Programm "Reconnect" vu 16 bis 24 Joer, bei deem och manuell Kompetenze solle vermëttelt ginn, wéi de Claude Meisch erkläert.
"Déi mir och dono kënnen zertifiéieren iwwer eng Deel-Zertificatioun, zum Beispill, wat och eenzel Moduler kënne sinn aus der Beruffsausbildung, déi, well se och vun der Schoul ugebuede ginn, vun der Schoul zertifiéiert ginn, och dono Bestand hunn, wann een zum Beispill zeréck an eng Beruffsausbildung geet."
Am CISP zu Esch ginn den Ament eng 35 Jugendlecher aus de Lycéeë Guillaume Kroll a Bel-Val betreit. Traditionell Klassesäll fënnt een hei keng, dofir awer eng ganz Rei Atelieren. Et wier en anere System fir ze léieren, esou d'Viviane Hansen vun Arcus.
"Zum Beispill Mathé, dat kann een och an engem Holzatelier léieren. Do muss een och rechne kënnen, do muss ee moosse kënnen, do muss ee mat Zuele kënnen ëmgoen. Mir wollten et net erëm sou maachen, datt mir just dat selwecht reproduzéiere wéi an enger Schoul, ebe just geografesch verplanzt."
Net op sech eleng gestallt
Déi concernéiert Schüler sollen no der individueller Prise en charge am CISP nees an de reguläre Schoulsystem zeréckfannen. Fir datt dat och geléngt, géing no der Reintegratioun ee Suivi gemaach ginn, erkläert de Patrick Straus, Direkter vum Lycée Guillaume Kroll.
"Dofir sinn d'Services psycho-socio-éducatifs vum Lycée weider op deem Dossier drop. Si suivéieren och nach iwwer déi nächst Méint ewech fir ze kucken, op déi Re-Integratioun een Erfolleg ass oder ob mir eis vläicht awer e bëssen ze fréi eppes zougetraut hunn wat nach net sou fonctionéiert."
Et wier also net esou, datt de Jonken herno ganz op sech eleng gestallt ass, betount de Patrick Straus.
Ongeféier d'Hallschent vun de Jonke géingen no der Prise en Charge nees de Wee zeréck an d'Schoul fannen oder an eng Aarbechtsmesure integréiert ginn. Dat géing no net vill kléngen, wier awer "beachtlech fir déi Zil-Populatioun", fënnt den Direkter vum Lycée Guillaume Kroll.