Radioen

On air

Notturno  |  Pentangle - Light Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir e bessere Klimaschutz

Klimaschutz

Fir e bessere Klimaschutz

Dausende Schülerinnen a Schüler hunn an der Stad beim "globale Streik fir de Klima" matgemaach. D'Organisateure vu Youthforclimate Lëtzebuerg soen, et wiere 15.000 Leit op der Fridays for Future-Manif zu Lëtzebuerg gewiescht. D'Police schwätzt vu 7.000 bis 7.500 Leit. A villen anere Stied uechter d'Welt hu Jonker haut fir de Klimaschutz manifestéiert.

auto_stories

3 min

D'Schülerinne a Schüler fuerdere vun de Politiker, dat si méi maache fir d'Klimaerwiermung ofzebremsen. Jonk Leit wiere méi vun den zukünftege Konsequenze vum Klimawiessel betraff an dofir misst elo gehandelt ginn.

D'Schüler zu Lëtzebuerg géifen an Zukunft méi reegelméisseg esou Klima-Streiker organiséieren, seet de Ben Stemper vu Youthforclimate. Si géifen dat op engem Schouldag maachen. Wa si net, wéi dës Kéier, fräi kréien, géife si och ouni Excuse manifestéieren. En Datum fir déi nächst Manifestatioun gëtt et awer nach net.


Andréck vun der Klima-Manifestatioun:

Lauschterenplay_arrow