Ech hu kee Tiktok, soe vill Erwuessener bal houfreg, wann een se drop uschwätzt. Dee "Quatsch" interesséiert si net. Mee zanter leschter Woch ass all Mënsch geschockt iwwer dat, wat op Tiktok leeft.
Vill erwuesse Facebook User hunn de schroe Mobbing-Film, den déi Jonk op Insta an Tiktok gesat haten, weidergedeelt. Si hunn d'Fotoe vun de mannerjäregen Täter vergréissert, hir Gesiichter uechtert d'Land verbreet. Si wollte spontan hëllefen a hunn dobäi net un d'Gesetzer geduecht. Grad d'selwecht wéi déi Jonk.
Manipulatioun ouni ze mierken
Déi Mechanismen vun de soziale Medie wierken op eis all. Mir ginn emotional gepackt vun de Biller, déi vum Handy ongefiltert an eise Kapp kommen. Mir reagéiere spontan, liken a sharen Inhalter, déi léif sinn, witzeg oder schrecklech, ouni weider doriwwer nozedenken. A mir loossen eis manipuléieren, ouni et ze mierken.
Filmer, déi vu Klatzkäpp mat Runentattoos gepost ginn, erkenne mir Erwuessener natierlech direkt als Nazipropaganda. Mee déi Kaz mam Hitlerschnuz, déi de Wehrmachtsschlager Erika sengt, fanne mir witzeg a deelen se op Whatsapp virun. Eis Kanner maachen dat selwecht. Flott blond Meedercher, déi hir rosa Lëpsen zu rietsradikal Texter beweegen, e puer coole Beats dobäi, an de Film kritt e "like". Da kann de Geschichtsproff nach esou vill vun Auschwitz schwätzen.
Och déi Challengen, déi aktuell déi Kommunikatiouns-Kanäl vun eise Kanner fluten, sinn net nei. Erënnert dir iech un déi Ice Bucket Challenge? Wien kennt net een, den sech deemools, 2014, en Eemer mat Äiswaasser iwwer de Kapp geschott an de Video geshared huet. Déi nei Filmer vu Mutproben si méi brutal, méi geféierlech, oft asozial, mee si hunn dat selwecht Zill. Vill Likes ze sammelen a vill Opmierksamkeet.
Déi allermeescht vun dënne Jonken, déi déi Filmer maachen oder sharen, si keng Hardcore Krimineller. Si si mëtten an der Pubertéit, op der Sich no Stäerkt an Unerkennung. Si wëlle cool sinn a ginn als Helde gefeiert, net am Schoulhaff mee virtuell, op Tiktok oder Insta, wou alles leeft, a keng Mamm a kee Proff hinnen nokuckt.
Valeuren a Reegelen aus dem richtege Liewen
Fir de geféierlechen Trend ze stoppen, musse mir besser kucken. Mir Erwuessener hunn eng Obligatioun, op eis Kanner opzepassen. Statt Tiktok ze ignoréiere musse mir mat hinnen éierlech iwwer déi Inhalter schwätzen, iwwer déi flott Witzer an Autosfilmer, déi mir selwer cool fannen, mee och iwwer déi Reegelen a Manipulatiounen, déi eis all uginn. An iwwer déi Gewaltvideoen op hirem Handy.
Eis Kanner misste léieren, datt déi Valeuren a Reegelen, déi am richtege Liewen zielen, och am Netz gëllen. Respekt, Solidaritéit, Zivilcourage... Bei enger Messerpickerei hëlt een d'Police. Wann een eng brutal Tiktok Challenge matkritt, muss een dat och mellen.
D'Kanner misste mat eiser Hëllef de Lien maache vum Liewen an d'Netz. Da spieren si selwer, wat do falsch leeft. Si verstinn, datt Gewaltchallengen e No Go sinn, si léieren, datt echt Helden esou eppes net liken. A si mierken, datt si net eleng sinn, wann hinnen am Netz selwer eppes geschitt.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.