Dëst Schouljoer hat et definitiv a sech! Verschidde Modeller vu Schoulorganisatioun hunn noenee missen ëmgesat ginn. Normal Schoul bis Mëtt Mäerz, Homeschooling mam Computer wärend dem Confinement, Klassesplitting an ugepasste Programmer wärend dem Deconfinement an elo kierzlech de Wee zeréck an de normale Schoulrhythmus.
D'Experienz vum Homeschooling war sécher innovativ an ass gréisstendeels gutt gelaf. Mee wéi sinn déi Kanner domat eens ginn, deenen hier Elteren doheem net konnten hëllefen, sief et well se d'Sproochen oder de Computer net beherrschen? Eng Rei Etüde beweisen, datt an eisem Lëtzebuerger Schoulsystem Kanner aus sozial schwaachen oder immigréierte Famillje schonn an normalen Zäite benodeelegt ginn an systematesch e Retard géintiwwer hire sozial bessergestallte Lëtzebuerger Alterskolleegen accumuléieren. Et ka mat der Pandemie nëmme nach schlëmmer gi sinn. A wat gëtt dogéint ënnerholl?
Nohëllef an der groussen Vakanz?
Wier et net ubruecht, d'Schoulvakanz ze notze fir de betraffe Schüler gratis Nohëllef unzebidden, eventuell esouguer online, wann di perséinlech Situatioun vum Schüler et zouléisst. Sproochen di an der Schoul geschwat a geléiert ginn, kéinten esou praktizéiert a geübt ginn, besonnesch vun deenen, di doheem keen hunn, deen déi gängeg Schoulsprooche beherrscht. Firwat net fir d'Spillschoulskanner Geschichten erzielen, déi hëllefen, de Vokabulär ze erweideren? Oder flott spilleresch Schreiwaktivitéiten ubidden, fir Kanner aus sozial schwaache Milieuen an hier Elteren ze ënnerstëtzen. Schoulschwieregkeete kéinten doduerch verschafft, Geléiertes verdéift a Sproochekenntnisser stimuléiert ginn. Schüler vum Primär ewéi och vum Secondaire sollten alleguer d'Méiglechkeet kréien, 14 Deeg virum Schoulufank an Nohëllefscoursen an d'Schoulen ze goen. De Bilan vun hire Stäerkten a Schwächte kéint esou opgeschafft an si besser op dat neit Schouljoer preparéiert ginn.
Schüler, déi am nächste Schouljoer op 7ème oder op 1ère kommen oder bei deene soss en Test usteet fir weider ze komme, brauchen e besonnesche Programm, well hinne jo en Deel vum normale Pensum aus dësem Schouljoer feelt.
Nei Unterrichtsformen entwéckelen
Ech dreemen dovun, datt déi Kompetenzen, déi mam Homeschooling an de Schoulen an doheem developpéiert goufen, elo genotzt ginn, fir nei Unterrichtsforme mat uspriechendem Material auszeschaffen. Déi nei Technologien a Medie bidden eng sëllegen Hëllefsméiglechkeete fir Kanner, déi doheem keng ugemoossen Ënnerstëtzung kënne kréien - mat Filmer, Tutorials, interaktivem Schoulmaterial, iwwer all Distanzen a Sproochbarrièren ewech. Mee dofir mussen dës Kanner an hir Famillje besonnesch cibléiert ginn. Kee Kand dierf benodeelegt ze ginn, nëmme well seng Eltere sech keen Tablett kënne leeschten oder well doheem keen domadder eens gëtt.
Di informatesch Instrumenter hëllefen och de Kontakt mat den Eltere méi einfach, interaktiv a wierksam ze maachen. Eltere si méi liicht erreechbar fir en onkomplizéierten a kuerze Feedback iwwer di schoulesch Leeschtunge vun hirem Kand. Natierlech muss ee bei Bedarf d'Eltere begleede, forméieren a familiariséieren, D'Elterekommiteeen an de Schoule kéinten a sollten hei eng zentral Roll iwwerhuelen an déi néideg Moyennen kréie, fir als Berodungsstell am Partenariat mat der Schoul kënnen opzetrieden.
D'Coronakris bitt eis eng wonnerbar Geleeënheet, fir mat neien Instrumenter, Iddien a Partnerschafte méi sozial Gerechtegkeet an d'Schoulen ze bréngen. Komm mir notzen se beschtméiglechst, besonnesch am Interêt vun all deene Kanner an Elteren, déi et säit jeehier méi schwéier an eiser Schoul hunn.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.