arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'Horesca war 2020 e katastrophaalt Joer

Réckbléck

|
reading time

2 min

Fir d'Horesca war 2020 e katastrophaalt Joer

De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp nennt 2020 dat schlëmmste Joer fir dee Secteur zanter den Zweete Weltkrich. D'Konsequenze wäerten nach op d'mannst bis 2022 ze spiere sinn, vill Leit wäerten de Betrib decouragéiert zoumaachen.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren

De François Koepp spuert net mat Superlativen, wann hien d'Corona-Joer-2020 mat sengem mëttlerweil zweete Lockdown muss aus der Vue vum Horesca-Secteur beschreiwen.

"Et war wierklech en Annus horribilis, et war dat schlëmmste Joer zanter dem Zweete Weltkrich. Mir haten eng Stolkris an eng Bankekris, mee dat hei huet eis Branche wierklech am schlëmmste getraff."

Immens gelidden hätt deemno virun allem d'Cafeterie. Mat der Campagne "Safe to serve" hätt een am Fréijoer probéiert d'Geschäft ze relancéieren. D'Leit wieren och nees massiv zeréckkomm an d'Terrasseweider hätt matgespillt, den zweete Lockdown hätt dunn awer nees alles futti gemaach. Um Enn géif e Joer bleiwen, wou keen eppes verdéngt hätt.

Betriber sinn ënnerschiddlech betraff

An der Restauratioun sinn d'Resultater méi ënnerschiddlech, jee nodeems wou de Betrib aktiv ass, a wéi vill e vum Homeoffice betraff war. Eenzeler konnte sech mam Liwwerservice an Takeaway iwwer Waasser halen. Am Schnëtt hätt d'Restauratioun awer tëschent 10 a 70 Prozent vun hirem Ëmsaz verluer.

"Et war ganz ënnerschiddlech, awer déi Landhotellen, déi hu sech zimmlech gutt aus der Affär gezunn, do huet och de 50 Euro Bong vill gehollef, d'Leit hunn dann och am Restaurant giess. Déi Hotellen hunn dofir och nach e ganz passabelt Resultat erwirtschaft."

An der Hotellerie hunn déi Betriber am beschten ofgeschnidden, déi sech op Vakanzen- a Fräizaitoffere spezialiséiert hunn, dogéint hu speziell d'Kongress- a Businesshotellerie zolidd gelidden.

Eng Faillitewell erwaart sech de François Koepp net. Am Moment ass déi Zuel just ëm ee Prozent geklommen, dat awer nëmme well d'Leit am Moment nach vun hire Reserve liewen, a well si effikass vum Staat gehollef kruten. Et dierft awer eng sëllege Fermeturë ginn, well vill Leit decouragéiert goufen, an de Secteur wäert dem François Koepp no op d'mannst bis 2022 vun de Konsequenze betraff sinn.