Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Jim Cain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir d'éischte Kéier gëtt de Konsument als Prioritéit ugesinn"

Roaming an der EU

"Fir d'éischte Kéier gëtt de Konsument als Prioritéit ugesinn"

Vu Mëtt Juni un ginn et an den EU-Memberlänner keng Roamingkäschte méi. Déi Käschten, déi ufale wann ee mam Handy am europäeschen Ausland telefonéiert sinn also offiziell ofgeschaaft. Zéng Joer gouf dorops hi geschafft.

auto_stories

3 min

An den offizielle Commentairë gëtt sech vill ëm Superlative beméit. D'Enn vun de Roamingkäschte wier ee vun deene gréisste Succèse vun der EU, heescht et an enger Deklaratioun vum EU-Parlament, dem Conseil an der Kommissioun. Mä kann ee bei eppes, wat zéng Joer laang gedauert huet, wierklech vun engem Succès schwätzen ?

Et huet een den Operateure missen Zäit loossen, fir si net ze vill ze schiedegen, seet déi fréier EU-Kommissärin Viviane Reding. Et hätt esou laang gedauert, wëll sech am Laf vun de Joren d'Handysgewunneschte vun de Clientë geännert hätten.

"Eng aussergewéinlech Mesure"

D'Ofschafe vun de Roamingkäschte wier eng aussergewéinlech Mesure, seet d'Viviane Reding, déi zanter 2014 Europadeputéiert ass. "Fir d'éischte Kéier goufen, duerch eng Interventioun an de Marché, d'Präisser, déi schwéngsméisseg héich waren, op eng Normalitéit erofbruecht". Et wier déi éischte Kéier, datt d'EU net déi ekonomesch Politik, mä de Konsument als Prioritéit gesinn hätt.

"Roam like at home" - am Ausland zum selwechten Tarif wéi doheem telefonéieren - dat ass elo d'Devis. D'Fro ass, ob dat wierklech vun elo un ëmmer gëllt.

Europa huet seng Aarbecht gemaach, et ass elo un den nationalen Autoritéite fir ze kucken, ob sech d'Telekommunikatiouns-Entreprisen un dat neit Gesetz halen, esou d'Viviane Reding. "Wa se sech net drun halen, dann ass et um Regulateur fir anzegräifen." Et wieren e puer schwaarz Schof derbäi an deene misst een d'Handwierk leeën. D'Konsumenten hätten och d'Recht den Operateur ze wiesselen, wann dee sech net un déi nei Reegelen hält.

Nëmme Roaming, wann een am Ausland ass

Eng Partie Operateuren hunn elo schonn Ausnamen ugefrot. Der Stëftung Warentest no sinn zum Beispill an Däitschland just siwe vu 16 Operateure bereet, d'Roamingkäschten effektiv komplett ofzeschafen.

D'Situatioun ass also wéi et schéint net ëmmer ganz iwwersiichtlech. Auslandsgespréicher ginn am Allgemengen awer net onbedéngt net méi bëlleg, wann d'Roamingkäschten ofgeschaaft ginn. E Gespréich mam Handy vu Lëtzebuerg an d'Ausland bleift méi deier. "Et ass een nëmmen am Roaming, wann een am Ausland ass. Wie vu Lëtzebuerg aus an d'Ausland telefonéiert, ass weiderhin an engem Auslandsgespréich an net am Roaming". Dat wier een anere Problem, mä elo vun un datt d'Roamingkäschten ofgeschaaft wieren, géif dee Problem méi akut ginn, huet déi fréier Kommissärin zouginn.

Politeschen Trick fir virun ze kommen

D'Viviane Reding huet ee Buch erausginn, an deem op déi politesch Geschicht vun dëser europäescher Success-Story gekuckt gëtt.

Hei beschreift sinn, datt et net nëmmen d'Operateure waren, déi sech massiv géint en Enn gewiert hunn. Vill Regierungen, dorënner och déi Lëtzebuerger Regierung, ware géint dee Projet. Am Buch mam Titel "Roaming: de Kampf vum David géint Goliath", beschreift d'Viviane Reding, datt si selwer politesch Tricken ugewannt hätt fir virun ze kommen.

Am Joer 2007 hat si nämlech de Journalisten eng Decisioun vu Ministeren iwwert de Plafonnement vu Roamingkäschte viru lafender Kamera annoncéiert. Déi Decisioun gouf am Fong esou awer net geholl. An der Politik géif net ëmmer alles op der riichter Bunn lafen. Wichteg wier, dat een am Intérêt général géing handelen.